Logementsproblem grenziwwergräifend ugoen!

D’Regierung schmückt sech elo gäer mat der Iddi, datt si de Logementsproblem grenziwwergräifend ugoe well. Doriwwer kann d’ADR sech nëmme wonnere, well mir schonn zanter Jore fuerderen, datt mir dëse Problem just dann an de Grëff kréie kënnen, wa Lëtzebuerg grenziwwergräifend mat eisen Nopeschlänner zesummeschafft. Et ass virun allem wichteg ze wëssen, wéi vill Lëtzebuerger bis elo aus ekonomesche Grënn hu missen hiert Land verloossen. Nach viru Kuerzem gouf déi scho Mëtt lescht Joer vum Nord-Deputéierte Jeff Engelen deponéierte Motioun zu dësem Thema an der Chamber diskutéiert – doriwwer hunn d’Medien awer kaum e Wuert verluer. Et war eng Motioun, déi aus politeschem Kalkül vun de Majoritéitspartei verworf gouf.

Wéi sou dacks spillt d’ADR mat hiren Iddien eng Virreider-Roll, déi duerno och vun anere Parteien opgegraff gëtt a besonnesch eis Regierung wär gutt beroden, an Zukunft d’Propositioune vun der ADR direkt am Ufank mam néidegen Eescht ze behandelen.

Deel dëse Post: