Zu Lëtzebuerg kënne Locataire jee no finanzieller Situatioun verschidde Bäihëllefen ufroen. De Michel Lemaire wëll ënner anerem wëssen, wéi laang si op eng Äntwert musse waarden:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Logementsminister weiderzeleeden.
Zu Lëtzebuerg kënne Locataire jee no hirer finanzieller Situatioun eng “subvention loyer” an och Hëllef bäi der Kautioun “aide au financement de garantie locative” ufroen.
An deem Zesummenhang géif ech dem Här Logementsminister gär dës Froe stellen:
- Kann den Här Minister eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert, wéi vill Demanden an de Joren 2018 bis 2025 all Kéiers fir déi jeeweileg Bäihëllef gestallt goufen, wéi vill der an absolutten Zuelen all Kéiers ugeholl, respektiv ofgeleent goufen a preziséieren, wéi vill déi duerchschnëttlech Beaarbechtungszäit vun engem Dossier all Joers bedroen huet?