Loftraum: Bezuele fir d’Souveränitéit ofzeginn? D’ADR seet Nee!

Den Transportminister François Bausch wëll d’Lëtzebuerger Souveränitéit iwwert onse Loftraum opginn, an ass bereet, fir déi éischt 10 Joer, dofir 60 Milliounen Euro un eng däitsch Gesellschaft ze bezuelen! Komplett verréckt, seet duerzou d’ADR, a rifft d’Regierung op, dëse Service weider an de Lëtzebuerger Hänn ze loossen.

De Minister huet der Chamber eng Etude vun engem Berodungsbüro zoukomme gelooss, déi de Verglach mécht, wat et d’Land Kascht, wann mer de Service vun de Fluchlotsen, déi en Deel vum Loftraum iwwert onsem Land kontrolléieren entweder un Däitschland oder un d’Belsche delokaliséiert. De Verglach, wat d’Virdeeler an d’Nodeeler wären, wann dës Aktivitéit bei de Lëtzebuerger Fluchlotse géif bleiwen, ass net an dëser Etude gefrot ginn. Dëst eleng ass symptomatesch fir d’Haltung vum Minister an dem Chef vu senger Administratioun, déi egal zu wéi engem Präis d’Hoheitsrecht iwwert eisen Himmel wëll opginn!

D’ADR erënnert och drun, datt 16 Associatiounen a Gesellschaften déi direkt betraff sinn, sech géint dës Pläng ausgeschwat hunn. Och an dësem Dossier stellt Gambia sech kloer géint d’Interessie vun eisem Land!

D’ADR fuerdert de Minister op, seng Pläng fir d’Souveränitéit iwwert de Loftraum opzeginn direkt ze stoppen: et gëtt kéng vernünfteg Argumenter, fir dëse Service an d’Ausland auszelageren.

Et kann net sinn, datt Lëtzebuerg zeg Milliounen „investéiert“ fir op Asteroiden ze fléien, an dobäi probéiert ze spuere wann et ëm d’Notzung vum Loftraum iwwer Lëtzebuerg geet!

Pressematdeelung vum 16. Juni 2016

Deel dëse Post: