D’Gesetz schreift vir, datt an de Crèchen (nieft Franséisch) Lëtzebuergesch geschwat soll ginn. Mee tëscht Gesetz a Realitéit besteet oft en Ënnerscheed. Dofir huet de Fred Keup e puer Froen un d’Regierung.
Fro:
Am Gesetz vum 29. August 2017 iwwert d’Kannerbetreiung ass festgehalen, wéi eng Konditiounen eng Crèche erfëlle muss, fir vun de Bonge fir ausserschoulesch Kannerbetreiung (chèque-service accueil) kënnen ze profitéieren. Des Konditioune sinn ënnert anerem:
- datt an enger Crèche op d‘mannst eng Persoun am erzéieresche Beräich schaffe muss, déi den Niveau C1 am Lëtzebuergesche virweise kann;
- datt eng Offer fir 40 Stonne Lëtzebuergesch pro Woch virgesinn ass;
- datt d’Lëtzebuerger Sprooch an den alldeeglechen an „usuellen“ Aktivitéite vun der Crèche benotzt gëtt.
A leschter Zäit ass eis awer (erëm) zu Ouere komm, datt a verschiddene Crèchë keen oder kaum Lëtzebuergesch geschwat gëtt.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:
- Kann den Här Minister confirméieren, datt a verschiddene Crèchë vum Land nach ëmmer keen oder kaum Lëtzebuergesch geschwat gëtt? Wa jo, leien Zuele vir, déi beleeën, a wéi ville Crèchë Lëtzebuergesch an deem Mooss benotzt gëtt, wéi et vum mentionéierte Gesetz virgeschriwwen ass?
- Wéi vill Persoune schaffen am Ganzen an der Kannerbetreiung an alle Crèchen, déi vum System vun de Bonge fir ausserschoulesch Kannerbetreiung (chèque-service accueil) profitéieren? Wéi vill vun deenen hunn op d‘mannst den Niveau C1 am Lëtzebuergeschen?
- Ass et nach ëmmer esou, wéi den Här Minister a senger Äntwert vum 12. Januar 2021 op meng parl. Fro Nr. 3300 confirméiert hat, datt de Ministère keng prezis Donnéeën doriwwer huet, ob déi Kanner, déi mat der Crèche fäerdeg sinn an an de Precoce wiesselen a vun doheem aus kee Lëtzebuergesch schwätzen, eis Nationalsprooch an de Crèchen op d’mannst usazweis geléiert hunn? Wa jo, ass geplangt, an Zukunft ze testen, ob d’Kanner no der Crèche, wann se an de Precoce ginn, Lëtzebuergesch kënnen?
- Wéi vill Kontrolle betreffend dat korrekt Benotze vum Lëtzebuergesche goufen an de Crèchen an de Joren 2021 bis 2025 gemaach? Si bei dëse Kontrolle Verstéiss géint d’Gesetz festgestallt ginn? Wa jo, wéi vill an a wéi ville Crèchen? Wat fir Moossnamen huet de Ministère an deene Fäll ergraff?
- Plangt d’Regierung Gesetzesännerungen oder aner Initiativen, fir sécherzestellen, datt d’Lëtzebuergesch-Flicht an de Crèchen an Zukunft och wierklech agehale gëtt?
Äntwert:
1. Kann den Här Minister confirméieren, datt a verschiddene Crèchë vum Land nach ëmmer keen oder kaum Lëtzebuergesch geschwat gëtt? Wa jo, leien Zuele vir, déi beleeën, a wéiville Crèchë Lëtzebuergesch an deem Mooss benotzt gëtt, wéi et vum mentionéierte Gesetz virgeschriwwen ass? Bildungs- a Betreiungsstrukturen, déi Kanner am net-schoulflichtegen Alter encadréieren a Prestataire vum Chèque-service accueil (CSA) wëlle ginn, musse sech am Kader vum Programm fir méisproocheg Bildung (EPL) un eng Rei vu Viraussetzungen halen. Dës Strukture si verflicht, e pedagogescht Konzept fir déi méisproocheg Erzéiung am Alldag virzeleeën an eng Referenzpersoun ze bestëmmen, déi, duerch speziell Formatiounen ënnerstëtzt, d’Koordinatioun vun der méisproocheger Bildung iwwerhëlt an d’Qualitéit an d’Kohärenz vun der Sproochefërderung assuréiert. Zousätzlech muss op d’mannst eng Persoun vum Betreiungspersonal Lëtzebuergesch um Niveau C1 beherrschen a fir mindestens 40 Stonnen d’Woch disponibel sinn. Weiderhi mussen d’Strukture garantéieren, datt d’Lëtzebuergescht fir e Minimum vu 40 Stonnen d’Woch am Alldag agebonne gëtt, andeems et konsequent an d’Aktivitéiten an an de Sproochgebrauch integréiert gëtt.
De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend (MENJE) huet keen direkten Abléck an déi alldeeglech Praxis vun de Strukturen. Kontrolléiert gëtt awer am Virfeld, ob all gesetzlech Konditiounen erfëllt sinn, éier eng Struktur als CSA-Prestataire unerkannt gëtt. Donieft féiert de MENJE am Kader vum EPL och net ugekënnegt Kontrollen duerch, bei deenen d’Konformitéit mat de gesetzleche Bestëmmunge gepréift gëtt. Sollt dobäi e Manktem festgestallt ginn, gëtt dësen opgegraff, an d’Gestionnairë musse Moossnamen
huelen, fir eng qualitativ héichwäerteg Sproochefërderung ze garantéieren.
2. Wéi vill Persoune schaffen am Ganzen an der Kannerbetreiung an alle Crèchen, déi vum System vun de Bonge fir ausserschoulesch Kannerbetreiung (chèque-service accueil) profitéieren? Wéi vill vun deenen hunn op d‘mannst den Niveau C1 am Lëtzebuergeschen?
Wat d’Unzuel u Persounen ugeet, déi an de Bildungs- a Betreiungsstrukture fir Kanner tëschent 0-4 Joer schaffen, kann den Educatiounsministère just Zuelen nenne vu Strukturen, déi eng Konventioun mam MENJE hunn. Do louch d’Zuel vum Personal am Joer 2023 bei ronn 3.200 Persounen. Bei den net konventionéierte Privatstrukturen huet de MENJE keng detailléiert Vue op d’Gesamtzuel vum Personal.
Wat de Kenntnisstand am Lëtzebuergeschen ugeet, verfüügt de MENJE net iwwer genee Zuelen, wéi vill Persounen en Niveau C1 hunn. De Gestionnaire ass verflicht, op d’mannst eng Persoun mat dësem Niveau anzestellen; et bleift him awer fräi, och méi Mataarbechter mat dësem Niveau anzestellen. Verschidde Gestionnairen ënnerstëtzen hiert Personal schonn zousätzlech duerch geziilt Lëtzebuergeschcoursen. Dëst Engagement weist de klore Wëllen am Secteur, aktiv zu enger qualitativ héichwäerteger Sproochefërderung bäizedroen. Fir dës Dynamik nach ze stäerken, schafft de MENJE un engem Projet, deen et dem Betreiungspersonal erméigleche soll, gratis u Lëtzebuergeschcoursen deelzehuelen, déi op de Secteur zougeschniddene sinn.
3. Ass et nach ëmmer esou, wéi den Här Minister a senger Äntwert vum 12. Januar 2021 op meng parl. Fro Nr. 3300 confirméiert hat, datt de Ministère keng prezis Donnéeën doriwwer huet, ob déi Kanner, déi mat der Crèche fäerdeg sinn an an de Precoce wiesselen a vun doheem aus kee Lëtzebuergesch schwätzen, eis Nationalsprooch an de Crèchen op d’mannst usazweis geléiert hunn? Wa jo, ass geplangt, an Zukunft ze testen, ob d’Kanner no der Crèche, wann se an de Precoce ginn, Lëtzebuergesch kënnen?
Eng Etude vum LUCET (2023), déi sech op Donnéeën aus dem standardiséierte Schoulmonitoring ÉpStan baséiert, huet e positiven Zesummenhang tëschent dem Crèche-Besuch an de Kompetenzen am Lëtzebuergeschen nogewisen. Kanner, déi eng Crèche besicht hunn, hunn um Ufank vum Cycle 2.1 besser Sproochkompetenzen am Lëtzebuergeschen wéi déi, déi keng Crèche besicht hunn. Besonnesch Kanner aus net-lëtzebuergeschsproochege Famillje profitéieren heivun. Domat gëtt confirméiert, datt Crèchen eng wichteg Roll bei der fréier Sproochefërderung spillen. Gläichzäiteg bleift et richteg, datt d’Kompetenze vun de Kanner beim Iwwergang an de Precoce net standardiséiert getest ginn. Déi éischt systematesch Donnéeë stinn ab dem Cycle 2.1 zur Verfügung. Zil an de Crèchen ass et, d’Kanner fréi mam Lëtzbuergeschen ze familiariséieren, dofir si systematesch Erhiewunge vum Lëtzebuergeschniveau beim Iwwergank an de Précoce ausserhalb vum bestoende Schoulmonitoring aktuell net virgesinn.
4. Wéi vill Kontrolle betreffend dat korrekt Benotze vum Lëtzebuergesche goufen an de Crèchen an de Joren 2021 bis 2025 gemaach? Si bei dëse Kontrolle Verstéiss géint d’Gesetz festgestallt ginn?
Wa jo, wéi vill an a wéi ville Crèchen? Wat fir Moossnamen huet de Ministère an deene Fäll ergraff? D’gesetzlech Ufuerderunge fir d’Benotze vum Lëtzebuergeschen an de Bildungs- a Betreiungsservicer fir kleng Kanner, déi an dëser parlamentarescher Fro zitéiert gi sinn, si fest am Artikel 25, Paragraf 1, Buschtaf g vun der Loi modifiée du 4 juillet 2008 sur la Jeunesse verankert. Esou gesäit d’Gesetz kloer vir, datt d’Lëtzebuergescht an dëse Strukturen eng wichteg Roll spillt.
Zanter 2021 goufen am Ganzen iwwer 1.300 Kontrollen duerchgefouert. An der grousser Majoritéit vun de Fäll hu sech d’Strukture konform gewisen. Nëmmen an enger limitéierter Unzuel vu Fäll – 24 am Total, déi 17 Strukturen betraff hunn – goufe Verstéiss géint dës Bestëmmunge festgestallt. An esou Fäll kréien d’Strukturen eng Frist, fir déi néideg Korrektiounen ëmzesetzen. Sollt dat net geschéien, kann d‘finanziell Hëllef fir d’Méisproochegkeet suspendéiert oder gestrach ginn, respektiv ee Remboursement gefuerdert ginn. Déi grouss Majoritéit vun de Strukture konnt sech awer am Kader vun der Prozedur konforméieren, sou datt keng weider Moossnamen néideg waren. D’Haaptzil vum MENJE bleift et, de Kanner e qualitativ héijen Zougang zur Lëtzebuerger Sprooch ze garantéieren.
5. Plangt d’Regierung Gesetzesännerungen oder aner Initiativen, fir sécherzestellen, datt d’Lëtzebuergesch-Flicht an de Crèchen an Zukunft och wierklech agehale gëtt?
Den Educatiounsministère plangt zousätzlech Mesurë fir déi bestoend Bestëmmunge geziilt ze ënnerstëtzen. An Zesummenaarbecht mam Institut national des langues Luxembourg (INLL) ginn ab September nei Coursen ugebueden, déi d’Kompetenze vum Personal am Lëtzebuergeschen ausbauen an d’Sécherheet am praktesche Gebrauch stäerke sollen. Sou kritt d’Personal déi néideg Mëttel, fir d’Sprooch konsequent an den Alldag mat de Kanner integréieren ze kënnen. Zousätzlech gëtt, ënner anerem an Zesummenaarbecht mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, pedagogescht Material entwéckelt, dat dobäi ënnerstëtze soll, d’Lëtzebuergescht an de verschiddenen Aktivitéite vum Alldag nach méi staark anzebannen an esou d’Sproochentwécklung vun de Kanner optimal ze fërderen. Mat dësen Initiative soll séchergestallt ginn, datt déi gesetzlech Viraussetzungen net nëmme formell erfëllt ginn, mä och am prakteschen Alldag eng konkret a lieweg Ëmsetzung fannen.