Lëtzebuerger Timberen oder “timbres luxembourgeois”?

De Fred Keup werft d’Fro op, firwat op de Lëtzebuerger Timberen ni “Lëtzebuerg” steet mee ëmmer “Luxembourg” … a kritt vun der Regierung recht. D’Post schéngt zwar Bedenken ze hunn (déi keng aner Post vun der Welt huet) mee de Sproochekommissär mengt wéi d’ADR, datt d’Nationalsprooch op national Timbere gehéiert, Dat wär schliisslech beim Pass an esouguer bei den Euro-Mënzen net esou …

Fro

D’Postgesetz vun 2012 schreift net fir, datt d’Land op eise Bréiftimberen op Franséisch soll genannt ginn. Trotzdeem schéngt et kaum Timberen ze ginn, wou „Lëtzebuerg“ dropsteet. Dat ass bei eise Mënzen a bei eisem Pass anescht. Duerfir hunn ech dës Froen un eisen Här  Wirtschafts- an eisen Här Schoulminister:

  1. Wéi vill Bréiftimberen huet Lëtzebuerg, Sammlerserien ausgeholl, bis haut erausginn? Op wéi vill dovun ass de Numm vum Land drop, op Franséisch oder op Lëtzebuergesch? Wéi ass dat Verhältnis zënter dem Akraafttriede vum Sproochegesetz an der Aféierung vun enger Nationalsprooch?
  2. A wéi enge Gremie kann d’Lëtzebuerger Regierung iwwer d’national Bréiftimbere matdecidéieren?
  3. Wat sinn d’Grënn, firwat eis Nationalsprooch net systematesch op eise Bréiftimbere gebraucht gëtt?
  4. Wat ass d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung? Wat déi vum Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch?

Äntwert

Gemeinsam Äntwert vum Wirtschaftsminister, Franz Fayot, a vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, op d’parlamentaresch Fro Nr. 6252 vum honorabelen Deputéierte Fred Keup

 Zanter dem Joer 1852 si ronn 2.300 Käppercher opgeluecht ginn, an zanter 1859 steet ëmmer entweder “Grand-Duché de Luxembourg” oder “Luxembourg” drop.

D’Regierung kann a kengem Gremium iwwert d’Bréiwer mat decidéieren, si huet déi komplett Responsabilitéit dem Comité philatélique iwwerdroen. De Comité philatélique, an deem Vertrieder vun der POST, Historiker, Kënschtler an och Timbershändler vertruede sinn, leet de Programm vun den Emissioune fest.

D’POST erkläert, datt d’Grënn, firwat déi Lëtzebuerger Sprooch net systematesch gebraucht gëtt, villfälteg sinn. Dacks hänkt et um Thema, un der internationaler Clientèle, un déi sech den Timber riicht, oder un der Organisatioun, fir déi den Timber gemaach gëtt.

De Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch ass, op Nofro vun der Regierung, der Meenung, datt op den Timbere “Lëtzebuerg” soll drop stoen, well Lëtzebuergesch déi national Sprooch ass. Dat ass esou zanter dem Sproochegesetz vun 1984, an et gouf kierzlech an der Chamber gestëmmt, datt dëst soll an d’Verfassung geschriwwe ginn. Well et awer och wichteg ass ze ënnersträichen, datt Lëtzebuerg méisproocheg ass a well et och am Ausland soll kloer sinn, aus wéi engem Land déi Timbere kommen, soll och “Luxembourg” drop stoen. Franséisch ass déi legislativ Sprooch hei am Land an d’Schreifweis “Luxembourg” ass déi selwecht am Engleschen, an dofir deene meeschte Leit op der Welt verständlech.

D’Regierung deelt d’Positoun vum Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch a plädéiert deemno derfir, an Zukunft den Numm vum Land op Lëtzebuergesch an op Franséisch op d’Timberen ze schreiwen.

 

Deel dëse Post: