Offiziell Publikatioune vum Gesondheetsministère ginn a véier Sproochen ënnert d’Leit bruecht, dorënner och Portugisesch. Lëtzebuergesch feelt natierlech. Wéi kann dat sinn? Gambia huet sech domat gebretzt, eis Nationalsprooch ze fërderen. D’Realitéit ass leider eng ganz aner.