Lëtzebuerger Nationalitéit ouni Lëtzebuergesch-Kenntnisser

Mam Gesetz iwwert d’Lëtzebuerger Nationalitéit vun 2017 kënnen erwuesse Persoune per Optioun d’Lëtzebuerger Nationalitéit kréien, wann si een Elterendeel, Adoptivelterendeel oder Grousselterendeel hunn, dee Lëtzebuerger war oder ass. Bei dëser Prozedur si Kenntnisser vun der Lëtzebuerger Sprooch keng Konditioun, an et zielt och keng Residenzklausel. Esou kann zum Beispill eng Persoun, déi ni zu Lëtzebuerg gelieft huet, kee Lëtzebuergesch kann a keng Lëtzebuerger Ofstamung huet, d’Nationalitéit kréien, wann ee Grousselterendeel op Lëtzebuerg agewandert ass an d’Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl huet. Wéi vill Persoune kruten an de leschte Joren iwwert dësen Optiounsmodell d’Lëtzebuerger Nationalitéit?

Deel dëse Post: