Zum Ausschloss vu Lëtzebuerger Medezinstudente vum 2. Joer op der Sorbonne hunn d’Alexandra Schoos an den Tom Weidig eng Rei Froen un d’Regierung.
Fro:
Am Kontext vun der Decisioun vun der Sorbonne, fir d’Studiejoer 2025/2026 keng Lëtzebuerger Medezinstudenten zouzeloossen, huet d’Madamm Minister de 25. Juli 2025 an hirer Äntwert op d’parl. Fro Nr. 2610 vum honorabelen Deputéierte Laurent Mosar geschriwwen: « Sorbonne Université est une des quatre universités partenaires françaises dans le cadre du Protocole relatif à la coopération scientifique et universitaire susmentionné. Ce protocole reste en vigueur, mais Sorbonne Université a récemment annoncé à l’Université du Luxembourg qu’elle ne sera pas en mesure d’accepter d’étudiants en 2e année d’études médicales pour l’année académique 2025-2026. Les étudiants issus de la première année de médecine à l’Université du Luxembourg et souhaitant poursuivre leurs études en France ont dès lors dû être répartis sur les trois autres universités d’accueil françaises. Ceci est regrettable, au vu de la coopération de longue date dans le domaine des études médicales, et je compte en effet discuter de cette coopération avec Sorbonne Université. »
An deem Zesummenhang géife mir der Madamm Minister gär follgend Froe stellen:
- Wéi eng konkret Grënn huet d’Sorbonne uginn, fir keng Lëtzebuerger Studente fir d’Studiejoer 2025/2026 am zweete Joer vum Medezinstudium opzehuelen?
- Säit wéini war de Ministère iwwer dës Entscheedung informéiert?
- Firwat gouf dës Entscheedung net éischter bekannt gemaach, fir déi betraffe Studenten drop virzebereeden?
- Gouf et virun dëser Entscheedung en Dialog oder e Verhandlungsversuch mat der Sorbonne?
- Wéi vill Studente si konkret vun dëser Ännerung fir d’Studiejoer 2025-2026 betraff?
- Wéi gouf d’Ëmverdeelung vun de Studenten op déi dräi aner Partneruniversitéiten organiséiert? Gouf et bestëmmt Krittären?
- Gëtt et an der Konventioun tëscht dem Lëtzebuerger an dem franséische Staat eng Klausel, déi et enger Partneruniversitéit erlaabt, sech eesäiteg aus enger Verflichtung, wéi der Zouloossung zum zweete Studiejoer, zréckzezéien?
- Plangt d’Madamm Minister am Hibléck op déi aktuell Situatioun en Iwwerschaffe vun der Konventioun mat hirem franséischen Homolog?
- Ass déi aktuell Situatioun net en Argument dofir, d’Entwécklung vun enger vollstänneger medezinescher Ausbildung op Lëtzebuerger Territoire virunzedreiwen, fir d’Ofhängegkeet vun auslänneschen Universitéiten zu verréngeren?
- Ginn zousätzlech Alternativen ausserhalb vu Frankräich gepréift, fir Lëtzebuerger Studente méi Optiounen zu bidden?
- Geet d’Madamm Minister dervun aus, dass aner franséisch Partneruniversitéiten dem Beispill vun der Sorbonne noäifere kéinten?
- Wéi eng Rechtsmëttel stinn de Lëtzebuerger Studenten zur Verfügung, wann hir Zouloossung opgrond vun eesäitegen Entscheedunge vu Partneruniversitéiten oder vun der franséischer Regierung a Gefor geréit?
- Ginn et schonn Informatiounen doriwwer, ob d’Sorbonne fir d’Studiejoer 2026-2027 erëm Lëtzebuerger Studenten am zweete Joer vum Medezinstudium ophuele wäert?
Foto Copyright: Pixabay