Lëtzebuerger Doktere mat kloer ëmrassene Fuerderungen

Zu engem ganz produktiven Austausch koum et tëscht der ADR an der Vereenegung vun de  Lëtzebuerger Dokteren an Zänndokteren (AMMD). De Standpunkt vun den Dokteren, dee si schonn zënter Joren an d’Ëffentlechkeet droen, gouf vertrueden vun den Dokteren Philippe Wilmes, Alain Schmit, Carlo Ahlborn a Guillaume Steichen (v.l. op der Photo). Fir d’ADR waren de Jeff Engelen (Deputéierten, Santéskommissioun vun der Chamber), de Fernand Kartheiser, de Parteipresident Dr Jean Schoos, d’Sylvie Mischel an de Fred Keup vertrueden.

D’Suerg vun den Dokteren, datt d’Land seng medezinesch Zukunft verschléift an déifgräifend Ännerungen am Dokteschberuff einfach ignoréiert, an hire Ruff no méi Flexibilitéit an no reeller Matbestëmmung vun den Dokteren bei wichtegen Decisiounen (wéi der Krankekeese-Nomenklatur) si bekannt, mee et deet sech näischt a ville vun hire wichtegen Dossieren. D’AMMD ass absolut net zefridden, wéi hir Formül “Gitt eis eise Beruff zeréck” drastesch weist, déi an eiser Reunioun ze héire war.

Deel dëse Post: