Zum Lëtzebuerger Bäitrag fir d’Konschtbiennale zu Venedeg, enger “Kackwurscht”, huet d’Alexandra Schoos e puer Froen un den zoustännege Minister.
Fro:
Lëtzebuerg bedeelegt sech un der 61. Biennale zu Venedeg mam Projet „La Merde“. Am Zentrum vun dësem staatlech ënnerstëtzte Projet steet eng personifizéiert Kackwurscht, déi laut Duerstellung vun de Verantwortlechen als feministescht Manifest a gesellschaftskritesche Kommentar ze verstoen ass. Den Här Kulturminister huet erkläert, dass der Kënschtlerin bei der Ausgestaltung vum Projet eng total Fräiheet accordéiert gi wier.
Am Tageblatt-Artikel „Luxemburg reist mit einer Kackwurst nach Venedig“ (27.1.2026) heescht et: „Die Gesamtkosten für den Luxemburger Pavillon in Venedig betragen 540.000 Euro. Was im Preis inbegriffen ist: die Bezahlung der Künstlerin, die Produktions-, Transport- und Reisekosten der Teams, die Kommunikationsarbeit sowie die Eröffnungsveranstaltung.”
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:
- Kann den Här Minister déi am Tageblatt mentionéiert Zomm fir d’Gesamtkäschte fir de Lëtzebuerger Pavillon zu Venedeg confirméieren? Wa jo: Hält den Här Minister et am Hibléck op déi aktuell Haushaltslag, déi sozial Erausfuerderungen am Land an der allgemenger Belaaschtung vum Steierzueler fir vertrietbar, 540.000 Euro fir e Pavillon opzewenden, deem säin zentraalt Element mënschlech Exkrementer sinn? (Am Verglach: fir den nei geschafenen Observatoire de la Culture si järlech 150.000 Euro virgesinn.)
- Kann den Här Minister duerleeën, wéi déi 540.000 Euro sech opdeelen no Bezuelung vun der Kënschtlerin, Produktiounskäschten, Transportkäschten, Reeskäschte vun den Ekippen, Kommunikatiouns-/PR-Käschten a Käschte fir d’Ouverture?
- Wéi bewäert den Här Minister den Impakt vun dësem Konschtwierk op den Image vu Lëtzebuerg am Ausland, wann d‘Land sech op enger vun de wichtegsten internationale Konschtausstellunge mat engem Wierk presentéiert, dat vu groussen Deeler vun der Bevëlkerung warscheinlech als provokant, geschmacklos a respektlos géintiwwer dem Steierzueler empfonnt gëtt?
Äntwert:
Froen 1 an 3:
Virop wëllt d’Regierung un e puer grondleeënd Prinzippien erënneren: D’Konschtfräiheet ass e fundamentaalt Prinzip an eiser demokratescher Gesellschaft. Si garantéiert d’fräi artistescht Schafen an ëmfaasst all Element vun der kënschtlerescher Ausso – vun der Form iwwer d’Konzept bis hin zum Titel, deen en integralen Deel vum Wierk duerstellt. Zudeem huet d’Konscht net d’Aufgab, nëmmen ze gefalen. Si soll uschwätzen, hannerfroen, provozéieren, an eventuell ee Reflexiounsprozess ustoussen, wéi dat bei der parlamentarescher Fro vun der honorabeler Deputéiert de Fall ass . Domadder huet elleng den Titel vum Wierk schon eppes bewierkt. An enger oppener a pluralistescher Gesellschaft gehéiert et dozou, esou Spannungsfelder auszehalen an d’Fräiheet vum artisteschen Ausdrock ze respektéieren. D’Auswiel vum Projet fält ënner d’kënschtleresch Verantwortung vun der Kënschtlerin. Wat den Inhalt ugeet, ass dësen am Presse-Dossier deen zur Verfügung gestallt gouf detailléiert beschriwwen. E kuerze Video op Lëtzebuergesch, realiséiert vun der Kënschtlerin selwer, presentéiert zousätzlech d’Approche an de Kontext vum Projet (https://youtu.be/qW9TTq3fbD0?si=Bw3LNcj5Ne48OoHu). Et ass dofir wichteg, sech op dës Dokumentatioun ze bezéien, fir d’Wierk a senger Gesamtheet ze verstoen an et net op den Titel vun engem eenzegen Artikel ze reduzéieren.
D‘Realisatioun vum Pavillon ass mat grousser Suergfalt gemaach ginn — sief et wat de Film ugeet, d‘Skulptur oder déi zeenografesch Elementer — an déi déifgräifend Recherchen, déi d’Kënschtlerin ëm d’Thematik gemaach huet, erlaben et, dëse Sujet mat der néideger kënschtlerescher an ästhetescher Präzisioun unzegoen, déi am Kader vun enger internationaler Biennale erwaart gëtt. Et soll ënnerstrach ginn, datt déi international Renommée vu Lëtzebuerg am Beräich vun der zäitgenëssescher Konscht net op Konsens oder moraleschem Confort baséiert ass. D’Aline Bouvy, déi de Lëtzebuerger Pavillon zu Venedeg representéiert, ass eng unerkannte Kënschtlerin souwuel op nationalem wéi och internationalem Niveau. Hiert Wierk war schonn Deel vu villen Ausstellungen, déi positiv vun der Kritik opgeholl goufen, dorënner z.B.: 04.04.2025 – 31.12.2025: Breaking the Joints, Gruppenausstellung, Sapieha Palace, Vilnius, Litauen / 21.06.2025 – 12.10.2025: Hot Flashes, Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain / 06.10.2024 – 26.01.2025: Le prix du ticket, La Ferme du Buisson, Noisiel, Frankräich / 03.02.2024 – 01.09.2024: Le prix du ticket, Triangle – Astérides, Marseille, Frankräich / 27.02.2022 – 18.09.2022: Cruising Bye, Musée des Arts Contemporains du Grand-Hornu, Boussu, Belsch.
Vill Institutiounen hunn d’Wierker vum Aline Bouvy fir hir ëffentlech Sammlunge kaf , dorënner: Kanal – Centre Pompidou Bruxelles, d’Vlaamse Collectie, de Musée des Arts Contemporains (Hornu), de Middelheim Museum (Antwerpen), de Musée National d’Archéologie, d’Histoire et d’Art (Lëtzebuerg) souwéi de Lëtzebuerger Kulturministère. Dobäi kommen nach verschidden ëffentlech Opträg, notamment fir d’Stad Ettelbréck, d’Stad Mechelen (Belsch) an de Stadtspark vun Antwerpen.
De Projet, deen am Lëtzebuerger Pavillon presentéiert gëtt, gëtt duerno vum 12. Dezember 2026 bis de 16. Februar 2027 am Salzburger Kunstverein ausgestallt. Et handelt sech ëm eng wichteg Geleeënheet, eng Kënschtlerin ze éieren, déi mat hirer Aarbecht zanter méi wéi zwanzeg Joer eng grouss kënschtleresch an ästhetesch Relevanz fir wichteg gesellschaftlech Froen huet. Zudeem goufen zanter der Annonce vill Message gedeelt, déi den Interessi, d‘Ënnerstëtzung an d’Motivatioun fir de Projet ënnersträichen, dëst souwuel national wéi international. Dës positiv Reaktioune kommen aus verschiddene Beräicher vum kënschtlereschen a kulturelle Secteur. D’Kënschtlerin deelt dobäi niewent ville Kënschtlerinnen, Kënschtler a Kuratorinnen a Kuratoren, déi dëst Joer un der Biennale deelhuelen, d’Gefill, dass dës Editioun e besonnesch markante Charakter wäert hunn.
De Budget fir de Lëtzebuerger Pavillon am Kader vun der Biennale 2026 zu Venedeg beleeft sech op 540.000 Euro. Dëse Montant erkläert sech ënnert anerem duerch d’Betribs- a Fonctionnementskäschten iwwer eng länger Period vu siwe Méint, wärend deenen d’Ausstellung am Kader vun der Biennale fir de Public zougänglech ass.
Fro 2:
D’Participatioun vu Lëtzebuerg u wichtegen internationale Manifestatiounen duerch national Pavillonen ass allgemeng mat engem grousse Budget verbonnen. An de leschte Jore sinn d’Käschte fir dës Evenementer däitlech an d‘Luucht gaangen, ënner anerem wéinst der Inflatioun an der Präiserhéijung an alle Beräicher vun der Eventorganisatioun, Logistik an Ausstellungsproduktioun. Entwécklung vun de Käschte vun de Biennalen tëscht 2023 an 2026 (Biennalen, bei deene Kultur | lx vum Kulturministère als Kommissär designéiert gouf).
Gesamtkäschte vun de Pavillonen (opgeronnten Zommen):
– Architektur-Biennale 2023: 418 600 €
– Konscht-Biennale 2024: 494 100 €
– Architektur-Biennale 2025: 521 400 €
– Konscht-Biennale 2026: 540 000 €
Opdeelung vun de Käschten am Budget 2026:
– Organisatioun (Mediatioun, Empfang- a Sécherheetspersonal, Versécherungen, Maintenance
a Botz vum Pavillon wärend siwe Méint Ausstellung): ronn 8 % vum Budget;
– Produktioun (Produktioun vun der Ausstellung an der Publikatioun, Transport vun de Wierker
a Material, Op- an Ofbau, Reese vun de kënschtlereschen an techneschen Equippe wärend de
Recherchen, den dräi Wochen Opbau, de professionellen Deeg an der Ofbauwoch): ronn 66
% vum Budget;
– Kënschtleresch Remuneratioun (Brutto-Remuneratioun vun der Kënschtlerin fir zwielef Méint
Aarbecht): ronn 7 % vum Budget;
– Kommunikatioun (Presseagence, grafesch Konzeptioun, Iwwersetzungen, Drockaarbechten,
digital Kommunikatioun a Marketing): ronn 12 % vum Budget;
– Offiziell Ouverture (Vernissage, Ouverturesevenementer an offiziell Aktivitéiten): ronn 7 %
vum Budget.
De Budget vum Pavillon entsprécht dem internationalen Duerchschnëtt. Zum Verglach, sinn hei drënner e puer Budgeten vu verschiddene Pavillonen op der Biennale 2024 (net all Länner sinn transparent an dësem Beräich):
– Schwäiz: 550 000 CHF;
– Däitschland: 650 000 € (ouni Sponsoring an aner extern Finanzéierungen);
– Éisträich: 660 000 € (ouni Sponsoring an aner extern Finanzéierungen);
– Italien: 1,2 Milliounen €, dovunner 800 000 € vun der Generaldirektioun fir
zäitgenëssesch Kreativitéit vum Kulturministère.
Foto Copyright: