Steet Lëtzebuerg schonn nees um EU-Pranger?

D’EU decidéiert d’Ariichtung vun engem sougenannte Steierobservatiounsrot. Dëse Recherchegremium soll sech mat Froe ronderëm legal Steieroptiméierung a Steierkriminalitéit beschäftegen. Déi suggestiv Gläichsetzung vun dësen zwee Theemen eleng schéngt scho fragwürdeg, schliisslech gehéiere kriminell Aktivitéiten an de Kompetenzberäich vun der Police. Mee domat genuch. D’Personalie vum designéierte Chef vun dësem Büro muss een aus Lëtzebuerger Siicht kloer als Provokatioun gesinn. De Fransous Gabriel Zucman huet Lëtzebuerg viru kuerzem nach Bäihëllef zur Steierhannerzéiung virgeworf a gefuerdert, datt mir eis Stëmmrecht an der EU verléieren. Wéi reagéiert d’Regierung dorop?

Deel dëse Post: