Lëtzebuerg muss am medezinesche Secteur méi autonom ginn!

D’Corona-Situatioun huet gewisen, datt Lëtzebuerg an Europa bei der Versuergung mat Medikamenter immens ofhängeg si vun Drëtt-Staaten baussent der EU. An deem Kontext huet de Jeff Engelen de 6. Juli eng Motioun an der Chamber deponéiert, déi fuerdert, datt mir bei der Versuergung mat Medikamenter nees méi autonom musse ginn. Den Nord-Deputéierten huet iwwerdeems och e Wuert verluer iwwert déi feelend Fërderung vun de Gesondheetsberuffer zu Lëtzebuerg.

Deel dëse Post: