De Banneminister proposéiert, datt syresch Asylanten zukünfteg sollen als Touristen an hiert Heemechtsland reesen dierfen. Do sollen si da kënne kucken, ob et hinnen awer besser zu Lëtzebuerg, oder an hirer aler Heemecht gefält. Dat obwuel si dach do eigentlech solle politesch verfollegt ginn. Schléisse sou eng “go&see” Rees an d’Recht op Asyl sech deementspriechend net géigesäiteg aus? Den Dan Hardy intervenéiert bei der Regierung a stellt eng jett onbequeem Froen:
“Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Staatsminister, den Här Banneminister, den Här Bausseminister an den Här Familljeminister weiderzeleeden.
Esou wéi am Artikel “Le Retour des syriens évoqué” deen de 6. Mäerz an der Dageszeitung “L’Essentiel” publizéiert gouf, ze liesen ass, huet den Här Banneminister sech am Kader vun engem Sommet vun de Bannen- a Justizministeren zu Bréissel fir de sougenannte “go&see” vun deene syresche Staatsbierger ausgeschwat, déi sech aktuell am Kader vun engem Asylstatus an der EU ophalen. D’Recht op Asyl schützt viru perséinlecher, politescher Verfollgung am Hierkonftsland. Eng Exploratiounsrees wéi vum Här Banneminister thematiséiert, bedeit deementspriechend automatesch, datt den Asylgrond obsolet gouf.
An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:
- Handelt et sech bei der Ausso vum Här Banneminister ëm eng koordinéiert Approche vun der Regierung oder ëm eng onbeduechte Meenungsäusserung?
- Musse Syrer, déi eng sougenannt “go&see” Rees untrieden, déi fir d’Asylrecht zoustänneg Verwaltungen heiriwwer informéieren? Wéi eng zousätzlech Informatiounen, wéi zum Beispill déi genee Daten, d’Manéier vun der Rees asw. sinn an deem Kader matzedeelen?
- Wéi wierkt sech eng “go&see” Rees op den Openthaltsstatus aus? Ginn den Asylstatus souwéi den Usproch op déi domat verbonne materiell an immateriell Sozialleeschtungen, wéi zum Beispill den Openthalt an enger entspriechender Struktur doduerch automatesch verwierkt?
- Mussen déi syresch Staatsbierger, déi als Conclusioun vun enger “go&see” Rees decidéieren, hire Liewensmëttelpunkt dauerhaft zu Lëtzebuerg wëllen ze halen, iwwert den normale Wee vum Immigratiounsrecht an den domat verbonnenen, ekonomesche Konditiounen eng Demande fir en neien Openthaltstitel stellen? Falls net, firwat net?
- Wéi géifen dës Prozeduren sech op de Status vu Leit auswierken, déi eréischt am Kader vun der Familljenzesummeféierung op Lëtzebuerg komm sinn?