Legaliséiere vum Cannabis: D’ADR wëll endlech Kloerheet!

D’Regierung huet an hirem Koalitiounsaccord aus dem Joer 2018 eng Depenaliséierung, respektiv esouguer eng Legaliséierung vum Cannabis zu „rekreativen Zwecker“ ugekënnegt. D’ADR-Fraktioun huet rezent en Hearing an der Chamber ugefrot, fir iwwert déi verschidden Aspekter vun deem Projet ze schwätzen: Wat sinn déi gesellschaftlech a medezinesch Konsequenze vun där geplangter neier Cannabispolitik a wat sinn déi international Repercussioune vun esou enger Legaliséierung? D’Regierung huet nämlech bis elo nach wéineg Konkretes am Dossier Cannabis presentéiert.

Deel dëse Post: