Lag vun der Natioun: de rosa Regierungsbrëll an d’Realitéit

D’Debatten iwwer d’Erklärung vum Premierminister, de 26. a 27. Abrëll an der Chamber, weisen däitlech déi ënnerschiddlech Optiken: D’Regierung feiert hire Rekordwuesstem an hire Rekorddefizit, awer de Gast Gibéryen pickt do, wou et wéi deet. De Wuesstem bréngt dem Land ëmmer méi ongeléiste Problemer. D’Regierung mécht Schold, déi si net zeréckbezilt, an dat trotz hirem Spuerpak, dee ville Leit richteg wéi gedoen huet, trotz der Erhéigung vun der TVA, déi Milliarden an d’Staatskees spullt an trotz där gudder Wirtschaftslag.

An esou huet de Gast Gibéryen d’Finanzlag analyséiert, op déi d’Regierung esou houfreg, ass awer iwwer déi si nëmmen d’hallef Wourecht seet. Hien huet den Aarbechtsmaart gekuckt, wou esou vill Plaze geschaf ginn, awer de Chômage net erofgeet. Hien huet kritiséiert, datt ëmmer méi Lëtzebuerger an d’Grenzregioun musse wunne goen an datt de Rekordwuesstem virun allem och dee vun de Wunnengspräisser ass. Liewensqualitéit a Wuesstem ass awer eng Debatt, déi nëmme ka gefouert ginn, wann d’Regierung hire rosa Brëll vun der Nues hëlt. De Gast Gibéryen huet dat gemaach an engem eeschten, soberen Toun, well de Sujet fir méi eng sprëtzeg Approch vill ze eescht ass. D’Ried gouf dës Kéier vum Minister Etienne Schneider am meeschten ënnerbrach. Nëmme kee schwätzen loossen, dee weess wat am Land lass ass an deen der Regierung d’Wourecht seet, ass d’Gambia-Strategie, déi och kee Respekt virun der Chamber kennt a wou d’Gambia-Ministeren sech ofwiessele fir den Deputéierten an d’Wuert ze falen.

 

Deel dëse Post: