Laang Waardezäite fir eng Mammographie

An hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum 13. Januar 2020 hat d’Gesondheetsministesch am Hibléck op déi laang Waardezäite fir eng Mammographie geschriwwen:

“Pour ce qui concerne les mammographies réalisées en-dehors du programme organisé, pour des motifs de diagnostic, de suivi, ou de dépistage individualisé du cancer du sein, (…) l’examen est réalisé en règle générale endéans un délai d’une semaine.”

Zwee Joer méi spéit kritt eng Persoun, déi versicht, ee Rendez-vous fir eng Fréierkennungsmammographie ze kréien, vum Hôpital Kirchberg gesot, si misst bis Januar 2023 waarden. Am CHL misst si souguer bis Oktober 2023 waarden. Wat seet d’Ministesch dozou?

 

Deel dëse Post: