Dossier Kronospan: gutt Usäz, awer …

Lues a lues geschitt eppes am Dossier Kronospan.
Mir mussen awer direkt Optimisten bremsen: De Gestank verschwënnt net. 

Kronospan huet awer wëlles, bis Enn 2020 endlech Uschlossgleiser, déi adaptéiert sinn, ze bauen. Ab 2023 soll dann 30% vum Material per Schinn ugeliwwert ginn. Wéi vill Zich an wat fir ee Volummen dat soll sinn, dat ka keen ons soen. Den Usaz ass gutt, mee werft fir eis vill Froen op, sou zum Beispill:

Wéini fueren dës Zich?

Aus Erfarung wësse mär, datt d’Uliwwerung normalerweis nuets geschitt (esou ass et bei anere Kronospanwierker). Dëst bréngt also matt sech, datt de Leit hire Schlof an der Déifferdanger Strooss an an der Cité Schéierhaff uerdentlech gestéiert gëtt, zemools well op dëser Zuchstreck keng Lärmwäll stinn.

Wei héich gëtt de Kaméidipegel wärend der Nuecht?

Duerch Uliwwerung an der Nuecht, ginn des Waggonen och nuets direkt entlueden, mat enger Steigerung vum Dezibelpegel vu mindestens 50%. Aus der Vergaangenheet wësse mär, datt nuets, zemools wärend de waarme Summerméint, all Diren opstinn fir den Aarbechter eenegermoossen uerdentlech Aarbechtsbedingungen ze verschaffen.

Deel dëse Post: