Kritt d’Chamber Informatioune virenthalen?

Lëtzebuerg huet e Vertrag mam US-Pharmakonzern Gilead ofgeschloss, fir „Remdesivir“ ze kafen, e Medikament, dat  géint Covid-19 hëllefe sollt.

D‘WHO huet, opgrond vun enger groussugeluechter Etüd, offiziell vum Gebrauch vu Remdesivir géint Covid19 ofgeroden. Dobäi hu verschidde Lëtzebuerger Kliniken (CHL an HRS) un der „Discovery“-Etüd deelgeholl, där hir Tëscheresultater zur Wierksamkeet oder Onwierksamkeet vu Remdesivir an d‘Studie vun der WHO agefloss sinn. D’Regierung verweigert awer all Informatiounen iwwert d’Unzuel vun Dosen, déi Lëtzebuerg kaf huet, dëst anscheinend opgrond vun enger Vertragsklausel, déi Lëtzebuerg dem Pharmakonzern soll ënnerschriwwen hunn.

Stëmmt dat alles esou? Wat fir Grënn huet esou eng Klausel? Wéi vill Dose Remdesivir huet d’Regierung dann elo kaf? Kann d’Regierung der Chamber dës Informatioun virenthalen? An enger dréngender parlamentarescher Fro wëllt den Deputéierte Jeff Engelen dës an nach weider Froe klären.

 

Deel dëse Post: