Konzessiounsvertrag mat RTL soll endlech ëffentlech gemaach ginn!

De Konzessiounsvertrag tëscht dem Staat an RTL-Group ass weider net ëffentlech! Dat misst en awer sinn, fuerdert den ADR-Deputéierte Roy Reding via ADR-Motioun. Fakt ass datt hei massiv Steiersuen an den Asaz kommen. Tëschent 2020 an 2023 gi, laut Vertrag, am ganzen 30 Milliounen Euro un RTL-Group. Wann domadder RTL zu Lëtzebuerg den Optrag vun enger quasi Ëffentlech-Rechtlecher Tëlee huet, da misst et de Bierger och méiglech si, fir en Abléck an de Konzessiounsvertrag ze kréien, dat grad an Zäite wou d’Transparenz grouss geschriwwe gëtt. Am anere Fall muss een sech froe wat fir eng Klauselen an dem Vertrag stinn, déi d’Leit net wëssen dierfen. 

Kuckt hei den Interview mam Roy Reding: (Video: 03’07”)

ADR-Motioun vun 2017, déi zenter hir keng aner Partei matstëmme wëll, freet sech firwat?

Update vum 17. Abrëll 2020:

U sech wollt den ADR-Deputéierte Roy Reding an der Chamber, via eng Motioun, op e neits verlangen datt de Konzessiounsvertrag tëscht dem Staat an RTL ëffentlech muss gemaach ginn. Well awer op Grond vun enger Prozeduer um Verwaltungsgeriicht ageklot gëtt, datt d’Regierung den Deputéierten de ganze Konzessiounsvertrag, tëschent RTL a Staat, weise muss, dofir gëtt d’Motioun vun der ADR elo mol nach op Äis geluegt, an dat bis d’Affär vun de Riichter tranchéiert ass.

Deel dëse Post: