Konzeptlosegkeet beim Tourismus

E kloert d’Konzept fir d’Fërdere vum Lëtzebuerger Tourismus gëtt et net, esou de Fernand Kartheiser a senger Interventioun vum 19. Juli. Tourismus fërdere bedeit fir d’Regierung en onkoordinéiert Verdeele vu Subsiden; e roude Fuedem an e kohärent Konzept gëtt et net. Gambia proposéiert eis am Kader vum Nation Branding net méi wéi e faarwegen “X” an e Slogan, deen u Banalitéit net méi ze iwwerbidden ass: “Luxembourg: Let’s make it happen”. D’ADR huet kloer Propositiounen, wéi een den Tourismus fërdere kann: Lëtzebuerger Plazen, mat hirer Geschicht a Bedeitung fir d’Natioun, valoriséieren a promouvéieren. Firwat hänken um Findel Reklamme vu Banken amplaz Plakater vun touristesche Sitten zu Lëtzebuerg? Wou sinn déi positive Visittekaarte vun eisem Land, déi d’ADR schonns zanter laangem fuerdert? Steet elo och schonns d’Valoriséiere vu Lëtzebuerg als Geschichts-, Natur- a Kulturlandschaft am Verdacht, nationalistesch ze sinn?

 

Deel dëse Post: