Kontrollstatiounen : Den Här Wiseler setzt endlech een Deel vun den ADR-Propositiounen ëm!

Kontrollstatioun

De Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukture schéngt endlech gemierkt ze hunn, datt, wat d’Kontroll vun de motoriséierte Gefierer ugeet, Handlungsbedarf besteet. D’ADR freet sech driwwer, datt konkret Mesurë geholl ginn, mä verlaangt nach ëmmer, datt d’Propositiounen, déi se schonns am September 2012 formuléiert huet, integral ëmgesat ginn. Dëst gëllt besonnesch fir de Monopol vun der SNCT, deen de facto nach ëmmer net gebrach gëtt.

Virun engem halwen Joer huet d’ADR drop opmierksam gemaach, datt d’Waardezäiten op de Kontrollstatiounen onzoumuttbar sinn. Op enger Pressekonferenz goufen eng Rei konkret Ännerunge virgeschloen. D’ADR huet proposéiert, datt d’Periodizitéit vun de Kontrolle geännert gëtt an datt d’Garagisten d’Méiglechkeet kréien, fir d’Kontroll vun de Gefierer z’iwwerhuelen.D’Mesuren, déi vum zoustännege Minister annoncéiert goufen, ginn an déi richteg Richtung an d’ADR freet sech driwwer, datt hir Propositiounen endlech zum Deel ëmgesat ginn. Dëst gëllt zum Beispill fir d’Kontroll vun den neie Gefirer, déi elo ewechfält. D’ADR huet sech dofir agesat, datt déi éischt Kontroll no 4 Joer stattfënnt; d’Regierung huet sech fir eng Zäitspan vun 3,5 Joer entscheed. Et ass och festgehale ginn, datt déi zweet Kontroll eréischt zwee Joer no der éischter stattfënnt, esou wéi d’ADR et proposéiert huet.

D’ADR verlaangt, datt och hiren anere Virschlag séier ëmgesat gëtt: déi gebrauchten Autoen, déi aus dem EU-Raum importéiert ginn, mussen nëmme kontrolléiert ginn, wann hiren „État de contrôle“ dat laut Lëtzebuerger Reglementatioun verlaangt.

D’ADR huet scho viru Méint ënnerstrach, datt d’Garagiste mussen d’Geleeënheet kréien, fir d’Kontroll vun de Gefierer z’iwwerhuelen. D’Regierung geet allerdéngs net wäit genuch an hirer Demarche. Wann d’Kontroll an de Garagë stattfënnt, mä vun den SNCT-Salariéën duerchgeféiert gëtt, dann ass de Problem net geléist, mä op eng aner Plaz verlagert. Et misst nämlech vill méi Personal agestallt ginn an déi Verantwortlech sinn sech däers anscheinend net bewosst.

Déi eenzeg Optioun, déi wierklech Sënn mécht, ass, datt d’Techniker vun der SNCT nëmmen d’Seriositéit vun den externen Operateuren iwwerpréiwen. Am Fall vu Verstéiss muss den Agreement entzunn an et mussen héich Strofen operluecht ginn. Déi technesch Kontroll vun de Gefierer sollten awer d’Garagiste selwer kënnen iwwerhuelen.

Der ADR hir Propositioune géifen de Problem séier, efficace an nohalteg léisen; déi vun der Regierung ginn zum Deel an déi richteg Richtung, mä definitiv nach net wäit genuch!

Deel dëse Post: