Kongo – e Krisegebitt, iwwer dat kaum geschwat gëtt

Säit 1997 sinn um Gebitt vun der Demokratescher Republik Kongo Millioune vu Mënschen duerch politesch Onrouen ëm d’Liewe komm. Trotzdeem gëtt net vill an de Medien iwwer dat Krisegebitt geschwat. De Fernand Kartheiser huet puer Froen un de Bausseminister iwwer dat Land.

Fro:

Den 20. Dezember 2023 stinn an der Demokratescher Republik Kongo, déi op enger Krisestaaten-Lëscht vum International Rescue Committee u 4. Plaz steet,  Presidentschafts-, Legislativ-, Provënz- a Gemengewalen um Programm, dat am Kontext vun enger dramatescher Sécherheetskris am Oste vum Land. Zu de Milizen, déi maassgeblech un dëser Kris bedeelegt sinn, gehéiert och d‘M23, déi fir eent vun de schlëmmste Massaker an der kongolesescher Geschicht verantwortlech gemaach gëtt. D’Walkommissioun vun der DRK steet virun der Aufgab, alle potenzielle Walberechtegten d‘Participatioun un dësen historesche Walen ze erméiglechen. D’Gefor besteet awer, datt ganz Bevëlkerungsgruppen, déi an deene vun M23 kontrolléierte Gebidder liewen, vun der Wal ausgeschloss bleiwen.

An deem Zesummenhank hunn ech folgend Froen un den Här Minister:

  • Wéi eng Efforten ënnerhëlt den Här Minister op europäeschem an internationalem Niveau, fir drop hinzewierken, datt sech aner Staaten, déi Europäesch Unioun an aner international Organisatioune méi fir d’Situatioun am Kongo interesséieren, datt déi politesch Situatioun an der DRK am Waljoer 2023 sech net nach weider zouspëtzt an datt et um ganze Gebitt vun dësem zentralafrikanesche Land zu fairen a friddleche Wale kënnt?
  • Lëtzebuerg ass säit dem 1. Januar 2022 a bis Enn 2024 Member vum UN-Mënscherechtsrot. Wäert den Här Minister derfir antrieden, datt Walbeobachter an d’DRK geschéckt ginn, fir laangfristeg d’Rechtsstaatlechkeet vum Walprozess a vun de Walen ze iwwerpréiwen?
  • D’DRK beschëllegt Ruanda, d’M23-Miliz aktiv ze ënnerstëtzen. Wéi beurteelt den Här Minister d’Roll vu Ruanda am Krisegebitt? Wéi eng Konsequenzen huet déi Situatioun op d’Relatioune mat deene verschiddenen zentralafrikanesche Staaten?

Äntwert:

Fro 1: Den Conseil des Affaires étrangères de l’Union européenne suivéiert reegelméisseg d’Situatioune an Afrika, dorënner och déi am Kongo. Fir d’Land selwer an och d’Regioun huet d’Europäesch Unioun (EU) rezent eng Strategie, déi sougenannten “Stratégie des Grands Lacs”, ausgeschafft. Mat dëser Strategie verfollegt d’EU hier Haaptprioritéit de Fridden, Demokratie an nohalteg Entwécklung an der Regioun ze fërderen. Op internationalem Niveau ass d’politesch Situatioun am Kongo virun allem eng Fro vu “Sécherheet”, an gëtt als solch prioritär um Niveau vum UN-Sécherheetsrot zu New York suivéiert.

Fro 2: Weder Lëtzebuerg, d’EU, nach den UN-Mënscherechtsrot kënnen Walbeobachter an de Kongo schécken. D’Walbeobachter ginn normalerweis vum Staat selwer agelueden. Walbeobachter kënne also net vun ons Europäer imposéiert ginn. Am Kontext vun de Walen an der DRK kéint et sinn dass éischter „lokal“ Observateure gesicht ginn ; et wier och méiglech dass d’Afrikanesch Unioun oder eventuell d’International Organisatioun vun der Francophonie eng Walobservatiounsmissioun géing virgesinn. Bei der Organisatioun vun den Walen kéint eventuell och der UNO hier Stabilisatiounsmissioun (MONUSCO) hëllefen. Déi genannten Optiounen sinn momentan weder confirméiert, nach aktéiert.

Fro 3: D’Sécherheetssituatioun an dem Gebitt ass effektiv eng komplex: Iwwer 100 bewaffent Gruppen sinn laut UNO an der DRK aktiv. Am Kontext vun de rezenten Aktivitéiten vun der M23-Miliz an der DRK, ënnerstëtzt Lëtzebuerg voll a ganz den Presse Communiqué vum UN-Sécherheetsrot vum 22 November 2022, deen, ënner anerem, d’Attacke vun der M23-Miliz am Nordkivu an hier Avancéeë Richtung Goma an an anere Géigenden staark verurteelt an opfuerdert, datt all weider Avancéeën vun der Miliz direkt gestoppt ginn an datt se sech aus allen besate Gebidder zeréckzitt.

 

 

Deel dëse Post: