Kompetitivitéit ouni Sozialofbau

Dësen Artikel ass an der éischter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

A Saache Kompetitivitéit a wirtschaftleche Wuesstem huet d’CSV-LSAP-Regierung, wéi a villen anere Beräicher, op der ganzer Linn versot.

Dobäi ass et méi wéi néideg, datt grad an der Kris, déi nach ëmmer undauert, d’Wettbewerbsfäegkeet vun de Betriber verbessert gëtt.

Kompetitivitéit heescht och, de Staatsbudget nees an den Equiliber ze bréngen. Et muss do, wou et méiglech ass, gespuert ginn. Et muss Schluss si mat der Defizitpolitik! Weider Staatsdefiziter an nei Scholde bedeiten de Verloscht vum „triple a“. Dëst hätt desastréis Konsequenzen op eis Finanzplaz an op déi ganz Economie.

Fir e Land vun de kuerze Weeër

D‘Betriber, kleng a grouss, mussen onbedéngt vum Pabeierkrich befreit ginn. Lëtzebuerg muss fir d‘Entreprisen nees d‘Land vun de kuerze Weeër an de schnelle Prozedure ginn – Stéchwuert „Simplification administrative“. D’Betriber waarden zënter Joren ëmsoss, an et gëtt am Fong just eppes, wat sech beweegt: de Minister gouf e puer Mol gewiesselt. Zum Schluss huet de Jean-Claude Juncker dëse Punkt esouguer zur Chefsaach deklaréiert, geschitt ass och dunn wéineg bis guer näischt.

Der CSV hunn d‘Betriber et ze verdanken, datt d’Simplification administrative ni duerchgeféiert gouf, an der LSAP, datt esou vill jonk Leit d’Schoul ofbriechen an doduercher Schwieregkeeten um Aarbechtsmaart hunn. Dës jonk Leit hunn dacks e grousst Potenzial, mä kréien net dat Wëssen an dat Kënne vermëttelt, dat se bräichte fir méi zum wirtschaftleche Wuesstem bäizedroen. Et feelen den Entreprisë qualifizéiert Leit, déi si mussen dacks wäit siche goen. Och e Schoulsystem, dee gutt qualifizéiert Leit ervirbréngt, dréit wesentlech zur Kompetitivitéit bäi.

TVA-Erhéijung: kontraproduktiv, onsozial

Wien et mat der Kompetitivitéit eescht mengt, a Lëtzebuerg als Akafszentrum fir d‘Groussregioun wëll promovéieren, muss sech kloer géint Steier- an Taxenerhéijungen ausschwätzen. Déi proposéiert Erhéijung vun der TVA ass net nëmme kontraproduktiv fir Commerce an Horesca, si schwächt d‘Kafkraaft an ass onsozial.

D’ADR ass der Meenung, datt méi Kompetitivitéit net däerf op Käschte vun de Salariéë geschéien. Et muss een un aner Rieder dréine goen, wéi un de Mindestloun an un den Index, fir datt Lëtzebuerg nees wirtschaftlech wiisst.

Kompetitivitéit heescht fir d‘ADR, Betriber vun onnéidege Paperassen ze befreien, si an hirer Entwécklung ze begleeden an hinnen e gesond steierlecht Ëmfeld ze bidden. Mëttelstand, Geschäftsleit an Handwierker sinn op Clienten ugewisen, deenen hir Kafkraaft erhale bleift.

Fir Kompetitivitéit ouni Sozialofbau, wielt ADR!

Deel dëse Post: