Kohärent si bei der Preventioun vum Suicide (VIDEO)

En Dënschdeg, de 4. November 2014 ass de Fernand Kartheiser an der Chamber intervenéiert, am Kader vun der Debatt iwwert de Plang vun der Regierung fir d’Preventioun vu Suiciden.

Den ADR-Deputéierten huet dobäi op d’Kontradiktioun vun der Regierung opmierksam gemaach an eng kohärent Politik gefuerdert. Als Beispill kann een d’Problemer vun der verfeelte Familljepolitik huelen, wou d’Gambia-Regierung den Elteren all Ënnerstëtzung wëll verweigere wann se hir Kanner doheem wëllen erzéien anstatt se esou fréi wéi méiglech an en Crèche ofzeginn. An der Preventioun vum Suicide gëtt dann awer den enke Kontakt mat de Kanner als e grousse Virdeel ugesinn. En anert Beispill ass d’Problematik vun der Drogesucht a Verbindung mam Selbstmord, wou dann awer d’Jugendorganisatioune vun de Regierungsparteien d’Legaliséiere vun de sougenannte „doucen“ Droge fuerderen.

Deel dëse Post: