Kloerheet iwwer Schoulverweiser!!

De Minister Meisch réckt net mat Zuele raus, wat Schoulverweiser opgedeelt no Lycéeën ugeet. Dofir freet de Fred Keup bei him no.

Fro:

A menger parlamentarescher Fro Nr. 6834 vum 13. September 2022 wollt ech vum Här Minister wëssen, wéi vill Schüler wärend dem Schouljoer 2021/22 pro Lycée verwise goufen an a wéi eng Lycéeë si opgeholl goufen. Den Här Minister schreift a senger Äntwert: “D’Zuel vun de Schoulverweiser pro Lycée grad ewéi d’Nimm vun de Lycéeën, déi dës Schüler ophuelen, si Renseignementer, déi aus Dateschutzgrënn net kënne kommunikéiert ginn, well de Risiko besteet, datt e Schüler op déi Manéier kéint identifizéiert ginn.”

An deem Zesummenhank wollt ech beim Här Minister nofroen:

  • Op wéi ee Passus aus dem Dateschutzgesetz vun 2018 berifft sech den Här Minister bei senger Äntwert? Kann den Här Minister preziséieren, wat seng Weigerung, op meng Fro ze äntweren, mat Dateschutz ze dinn huet?
  • Wéi vill Schüler goufe wärend dem Schouljoer 2021/22 pro Lycée verwisen?
  • Wéi vill Schüler goufen insgesamt tëscht 2012 an 2022 vun hirer Schoul verwisen, opgedeelt no Joer a Lycée?

 

Äntwert:

 

 

 

Deel dëse Post: