Kloer Positiounen, kloer Politik, kloer Oppositioun: Déi aner Partei [Videoen]

De Nationalkongress 2016 vun der ADR zu Uespelt am Centre polyvalent war am Zeeche vum Opbroch: D’Partei huet op e gutt Joer zeréckgekuckt a sech op déi nei Erausfuerderungen virbereet, och wat déi dräi grouss Walterminer vun 2017, 2018 an 2019 ugeet. D’Roll vun der Reformpartei beim Referendum vun 2015 ass dofir eng grouss Satisfaktioun fir d’Partei. Bei deenen Diskussiounen huet si eleng eng konsequent Linn vertrueden, ouni Wenn und Aber. Déi realitéitsfriem Regierungsparteien an déi ondecidéiert CSV hunn dat sécher net gemaach. An déi realitéitsfriem Regierung an déi planglos CSV waren an allen Interventioune vum Kongress d’Haaptthemen. Der Rei no fannt Der hei elo d’Riede vu

Jean Schoos (20′ 10”) |Alex Penning (11’14”) | Sylvie Mischel (11’45”) | Michel Lemaire (20’41”) |

Roy Reding (36’47”)Fernand Kartheiser (23’19”)Gast Gibéryen (29’16”)

Hei de komplette Video vum Kongress (3 Stonnen, 8′)

nk_2016_virstand_web

De Parteipresident Jean Schoos ass op d’Gambia-Method agaang: Reiwereien, Sträit a Kaméidi am ganze Land a net nëmme bei der Trennung vu Kierch a Staat an de Kierchefabriken mä och beim Reliounsunterrecht. Hien huet de Gruef däitlech gemaach, deen tëscht ADR a Gambia besteet, och bei der Migratiounskris an dem Nationalitéitegesetz.Gambia an CSV lauschtere net op Leit, esou de Jean Schoos, a si sinn all am nämmlechten Dëppen. Esou erkläert hien och d’Hetz, déi Leit mat enger anerer Meenung an de rietsextremen Eck dréckt.

Op d’gutt Aarbecht vun der Partei ass de Generalsekretär Alex Penning agaang. Mä hien huet och politesch Schwéierpunkten gesat an de Nee fir dat neit Nationalitéitegesetz motivéiert, obwuel d’ADR an e puer Punkte Satisfaktioun kritt huet. Um Häerz leien  him allerdéngs besonnesch déi zwou Gesetzespropositiounen fir den Déiereschutz, déi eis Partei op de Wee bruecht huet.

D’Presidentin vun den ADR Fraen huet d’Roll vun der Parteiglidderung ëmrass: modern an opgeschloss, feministesch ouni Feministinnen ze sinn. “Mir brauche keng Quoten, well mir si selbstbewosst a vertrauen op eis Kompetenz. Quote gi géint de Prinzip vu gläiche Rechter”,esou d’Sylvie Mischel. Duerno huet sin ofgerechent mat der lénksideologescher Familljen- an Educatiounspolitik.An och mat der CSV-Politik huet d’Presidentin vun den ADR Fraen ofgerechent, wéi se op d’Schoulpolitik agaang ass.

De Michel Lemaire, Vizepresident vun der Adrenalin, fuerdert e Sproochrouer fir déi jonk Leit, op deenen hirem Bockel vill Aspuerungen gemaach ginn. Hie fuerdert eng méi gerecht Opdeelung vun de Spuermoossnamen. An hie fuerdert och, datt Kanner hirt Recht op eng Mamm an e Papp solle behalen.

De Roy Reding hat d’Steierprojeten vu Gambia als Thema an huet erënnert, datt eist Land all Joer eng Millaird Scholde mécht. Selbstverständlech ass d’Partei mat e puer eenzelne Steiermesuren d’accord, esou wéi d’Strecke vum Mëttelschichtsbockel. “Schlussendlech kréien um Enn vun dëser Legislatur kee Su méi”,wéi en op d’Steiererhéigungen vu Gambia a besonnesch op d’TVA agaang ass. Hie geheit der Regierung Politik ouni Kapp an ouni Schwanz vir. Si géing och keng Reform vun de Steiere maachen mee just un e puer Schrauwen dréinen. A si géing Famillje mat Kanner systematesch benodeelegen. Hien huet kee gutt Hoer un der Reform gelooss … a se Punkt fir Punkt widerluecht. Net sozial, net duerchduecht, vill Wand em näischt: Gambia-Politik. ADR-Virschléi sinn d’automatescht Upassen vun der Steiertabell un d’Inflatioun a méiSteierkrediter fir Leit, déi net esou vill verdingen, Ofschafen vun der Ierfschaftssteier an och d’Oschafe vun der Steierklass 1A.

Kloer Wieder zur Migratiounspolitik huet de Fernand Kartheiser fonnt. Hien huet eng Politik mat Häerz a Verstand versprach an an der Trei zu bestoende Verträg a Konventiounen. De Jean Asselborn als Ausseminister vertrëtt an Europa eng minoritär Politik, déi déi Hoffnungen, mat deene se spillt, net kannn erfëllen. Se brengt d’Länner un d’Grenz vun deem wat se kënnen a se riskéiert, d’EU ze sprengen. An d’CSV ass och hei ouni Plang nodeems se an der Regierungsverantwortung scho kee Mëttle géint esou Froe fonnt hat.

Virun deem Hannergrond huet d’Schlusswuert vum Gast Gibéryen gutt gepass. Zukunft Lëtzebuerg an d’Fro: Ass de staarke Wuesstem vun de leschte Joeren de Problem oder d’Léisung vum Problem? Datt ee bei dem Thema net derlaanscht kënnt, deene Gréngen eng auszewëschen. Gambia a besonnesch déi Gréng bauen op stramme Wuesstem an op Bësch ofholzen fir Parkingen ze bauen. E gudden Usazpunkt fir och déi vun der CSV anscheinend favoriséiert Koalitioun mat de Gréngen ze demontéieren, well d’CSV, esou de Gast Gibéryen, ass nëmme nach dat véiert Rad um Gambia-Won.

D’ADR war nach ni esou wichteg wéi haut.Si ass déi eenzeg politesch  Alternativ an ëmmer méi Leit gesinn dat. Ännerungen am Land si nëmme mat der ADR méiglech. D’ADR huet eng Linn a wëll net jidferengem an de Krom schwätzen, huet de Gast Gibéryen kämpferesch opgehhalen.

Deel dëse Post: