Klimastreik an aner gesellschaftlech Evenementer?

print

D’Dispens, déi den Educatiounsminister deene Kanner ginn huet, déi wëllen op de Klimastreik goen, geheit Froen op. De Fernand Kartheiser zéckt net fir dem Schoulminister dës ze stellen. Am besonnesche geet et dem ADR-Deputéierten drëm, erauszefannen, wien decidéiert, wéini e gesellschaftlecht Engagement esou wäertvoll ass, datt ee ka vun der Schoul entbonne ginn. Eng weider kniwwelech Fro fir de Minister dierft sien, ob een däerf a Schoule Flyere verdeelen, déi opfuerderen, „onentschëllegt“ ze feelen, wann d’Eltere engem net géinge fräi ginn.

Unsere Website verwendet Cookies, die es möglich machen, Nutzer bezogene Informationen zu speichern, während er die Website nutzt. Cookies helfen uns, unser Angebot kundenfreundlicher zu gestalten.  Weitere Informationen Des Weiteren verwendet unsere Website Google Analytics, einen Webanalysedienst von Google Inc. Dieses ermöglicht uns eine Analyse der Nutzung unseres Websiteangebotes um es besser zu gestalten. Wenn Sie dies nicht wünschen, klicken Sie folgenden Link. Analytics deaktivieren.