Kierchefabriken: Net alles futti maachen, wat gutt funktionéiert

Als Invité war de 19. September den ADR-Éirepresident Robert Mehlen op RTL an op 100Komma7 ze héieren. Säin Thema waren d’Kierchefabriken. Hien huet a kuerzer Zäit d’Problematik vun de Kierchefabriken op de Punkt bruecht: Leit monddoud maachen a mordikus Saachen duerchbaatschen, fir déi et besser Solutioune gëtt, ass net de richtege Wee. Dat ass seng Haaptkritik um Banneminister Dan Kersch, deen eigentlech näischt mam Dossier ze dinn huet an awer d’Fieder féiert. Et ass de falsche Wee, besonnesch wann, wéi de Roby Mehlen an Erënnerung rifft, den ale System 200 Joer laang zur allgemenger Zefriddenheet funktionéiert huet.

Deel dëse Post: