Keng Steiererhéijung um Bensinn!

Reduktioun vun der Besteierung op de Sprit bäibehalen!

D’Liewen zu Lëtzebuerg gëtt spierbar méi deier: Präisexplosioun bei den Energiepräisser, d’Präisser allgemeng a besonnesch d’Liewensmëttelpräisser ginn zolidd an d’Luucht an d’Zënsen op d’Immobiliëprête klammen. Dëst féiert dozou, datt ëmmer méi Bierger – och aus der Mëttelschicht – riskéieren, a finanziell Schwieregkeeten ze geroden. An esou enger Situatioun ass et fundamental wichteg, datt de Staat dës Entwécklungen sou wäit wéi méiglech finanziell offiedert.
Eng vun deene Méiglechkeeten ass, datt de Staat iwwert de Wee vun enger méi gedamer Besteierung vum Sprit all déi Bierger, déi op den Auto ugewise sinn, entlaascht. Allerdéngs leeft dës entspriechend Moossnam mam Datum vun haut aus. D’ADR fuerdert dohier, déi aktuell Besteierung vum Sprit op onbestëmmten Zäit bäizebehalen an no Méiglechkeete weider erofzesetzen. Och bei der aktueller Reduktioun vun der Besteierung op de Mazout schwätzt sech d’ADR dofir aus, datt dës Mesure iwwert den Datum vum 31. Dezember verlängert gëtt.
Frankräich geet iwwerdeems den ëmgekéierte Wee a reduzéiert d’Accisen um Sprit net nëmme méi ëm 10, mee ëm 30 Cent de Liter, sou datt d’Präisser an eisem Nopeschland vu muer un e gutt Stéck méi niddreg dierfte leien, wéi zu Lëtzebuerg. En entspriechenden Akommesverloscht a Käschtendrock beim Personal op den Tankstelle schéngt evident. De Verloscht vum Tanktourismus räisst iwwerdeems substanziell Lächer an eis Staatskeess. D’ADR schwätzt sech ausdrécklech fir den Tanktourismus aus, deen ouni gréisseren Opwand enorm Recettë fir eist Land generéiert.
Am Kontext vu Lëtzebuerg- an europawäiten ekonomeschen a finanziellen Entwécklungen, déi ganz eescht sinn, mussen elo séier praxisno an onkomplizéiert Hëllefe fir d’Bierger ausgeschafft ginn, déi Prioritéit virun all Zort vu parteipolitescher Ideologie hunn.

Deel dëse Post: