Keng Perspektiv fir d’Maartleit

De Maartleit geet et schlecht: Iwwerdeems d’Wirtschaft lues a lues nees ufänkt ze rullen, hu si nach ëmmer keng Perspektiv. Mäert, Braderien a Fester, wou si hiren Ëmsaz gemaach hunn, sinn meescht ofgesot bis an den déiwen Hierscht. A mam Oktavmäertchen an der Schueberfouer falen zwee Evenementer ewech, déi e Gros vun de Maartleit hire Revenuen ausgemaach hunn. Iwwerdeems d’Frëschmäert nach deelweis funktionéieren, sinn déi Leit, déi Kleeder oder Hauswuer verkafen, komplett blockéiert. De Jeff Engelen huet beim Mëttelstandsministère nogefrot a selwer Léisungsweeër presentéiert.

Deel dëse Post: