Keng nei Verfassung ouni Referendum: ADR setzt sech duerch!

Protestpiquet Referendum 08.10.2021

Den 20. Oktober gouf an der Chamber dat éischt Kapitel vun der neier Verfassung gestëmmt. D’ADR setzt sech säit ville Méint fir eng breet a kontrovers Diskussiouns- an Informatiounscampagne souwéi fir e Referendum iwwert déi véier Kapitele vun der neier Verfassung an, souwéi si et 2018 och an hirem Walprogramm versprach hat. Obwuel déi véier Parteien CSV, Déi Gréng, DP, LSAP alleguer dat nämmlecht Verspriechen an hirem jeeweilege Walprogramm stoen haten, hunn si sech bis lo als Reaktioun op sämtlech ADR-Initiativen als geschlossen Oppositioun géint de Referendum presentéiert. Op de massiven Drock vun der ADR huet d’CSV sech awer a leschter Minutt un hiert Walverspriechen erënnert an den ëffentlechen Engagement geholl, fir déi zweet Ofstëmmung an der Chamber duerch e Referendum ze ersetzen, wann d’Petitioun Nummer 2007 25.000 Ënnerschrëften erreecht. D’ADR weist sech héich erfreet, datt si sech mat hirem massiven Asaz fir d’Lëtzebuerger Vollek duerchgesat huet.

 

Deel dëse Post: