Keng Kannerindoktrinéierung an de Crèchen

De Fernand Kartheiser ass éischter bekannt als killen Analytiker. An der Diskussioun iwwert d’Crèchen an der Chamber, den 23. Februar 2016, ass hien awer aus dem Suedel gaang.
Et kéint net sinn, datt zynesch géing gesot ginn, e puer honnert Euro géinge bei enger Lëtzebuerger Famill net an d’Gewiicht falen, wann et em Zoulage fir Kanner geet. D’Regierung géing den Elteren net trauen a wéilt hinnen d’Recht ewechhuelen hir Kanner selwer ze erzéien an deem Familljemodell, dee si wéilten hunn.
Fir dat ze erreechen géing d’Regierung et finanziell onméiglech maachen fir datt een Elterendeel beim Kand bleift, amplaz schaffen ze goen. D’Kanner sollen a Staatsstrukturen, wou se da Gambiawäerter solle léieren. An Lëtzebuergesch als Nationalsprooch spillt an deem Modell och iwwerhaapt keng Roll méi.
Donieft wär dat Gesetz onlogesch, voller Denkfeeler a voller juristescher Falstrécker sot de Fernand Kartheiser.

Deel dëse Post: