Keen Zeréck no der éischter Etapp

D’Auslännerwalrecht ass nëmmen e butzege Schrack, heescht et. Eng éischt Etapp, déi kengem wéi deet a kengem eppes ewech hëlt. Wéi bei den Europawalen an de Gemengewalen, wou jo och kee gemeckert huet, wéi eng Restriktioun no där aner ewech gefall ass … Dat sinn d’Argumenter vun de Jo-Soer.

Mä dat alles ass de Leit Sand an d’Aen gestreet. Well no där éischter Etapp gëtt et kee Wee zeréck. All déi Auslänner, déi da wielen duerfen, stëmmen och bei engem Referendum mat of, wann et ëm d’Auslännerwalrecht geet.

2011 konnten 30.937 Auslänner hier Stëmm bei de Gemengewalen ofginn. An eiser Haaptstad wielen haut ronn 25.000 Leit. D’Auslännerwalrecht wier esou, ewéi wann eng zweet Stad Lëtzebuerg géing mat wiele goen. Bal all 5. Auslänner (17 Prozent) hat sech fir déi Gemengewalen ageschriwwen. D’Stëmme vun eisen auslännesche Matbierger hunn 12 Prozent vun alle Stëmmen ausgemaach (1999, 12 Joer virdrun, waren dat nëmme 6 Prozent). A ganz vill vun deene Leit wäerten direkt d’Konditioune vum Auslännerwalrecht fir d’Parlamentswahlen erfëllen. Bei d‘Verduebelung vun den auslännesche Wieler koumen bis 2011 ausserdeem ronn 16.000 nei naturaliséiert Lëtzebuerger nom Gesetz vun 2009 iwwer d‘duebel Nationalitéit derbäi.
Déi éischt Etapp beim Auslännerwalrecht ass also eng Etapp ouni Zeréck. Verfechter vum Jo wéi den Alex Bodry oder Expäre wéi de Professer Luc Heuschling hu schonns ganz haart gesot, dat d’Konditioune vu Residenz a vu fréierer Bedeelegung un Europa- oder Gemengewale séier kinnten ewechfalen. An och datt dat passiivt Walrecht (d’Recht fir sech wielen ze loossen) net laang no dem aktiven (d’Recht fir ze wielen) kënnt. Mä dat war virun den éischte Sondagen. Elo heescht et, déi Restriktioune fir wielen ze goen, géingen an d’Verfassung ageschriwwe ginn. Kleng Schrëtt, fir nëmme keen ze erféieren, an eidel politesch Verspriechen?

Mëttelfristeg ass d’Ziel ganz sécher, esou vill auslännesch Matbierger ewéi méiglech matwielen ze loossen. Dat am Numm vun engem imaginären Demokratiedefizit: Well hei zu Lëtzebuerg wunnt keen, dee net däerf e nationaalt Parlament wielen … a sengem Heemechtsland. Firwat sollt d’Verharmlosung an schrackweis Öffnung wéi bei de Gemengewalen net och bei de Nationalwahle klappen? Wann an e puer Joer driwwer ofgestëmmt gëtt, datt d’Restriktioune beim Walrecht musse méi labber gemaach ginn, decidéiere déi Auslänner, déi wielen duerfen, mat. Wéi dat mat Cadeauen esou ass, kënnen d’Lëtzebuerger, dat wat se ginn (a wou kee Mënsch op der ganzer Welt drun denkt, et och ze ginn), ni méi zeréckfroen, wann et hinnen eng Kéier sollt leed doen.

Dat ass net näischt, wat d’Lëtzebuerger opginn: Sollte mir eng Kéier an engem Referendum iwwer eis Monarchie decidéiere mussen, géingen duerch d’Auslännerwalrecht zu Dausende Leit mat ofstëmmen, déi guer kee Bezuch zur Monarchie hunn an aus agefleeschte Republiken och aus fréier kommunistesche Länner ouni demokratesch Traditioun kommen. Leit, déi wahrscheinlech nach ni vun der Grande-Duchesse Charlotte héieren hunn a wéi si sech fir hiert Land agesat huet. Déi absolut kee Bezuch zu Lëtzebuerg hunn, déi eis Geschicht net kennen a sech wahrscheinlech heiansdo heemlech wonneren, firwat esou e klengt Land iwwerhaapt existéiert. Déi haaptsächlech frou sinn, fir hei fir gutt Aarbecht eng gutt Pei ze kréien a sech soss keng Froe stellen.

Gast Gibéryen, Deputéierten.

Dësen Artikel ass de 15. Mee 2015 an der Rubrik “Zu Gast” vum Lëtzebuerger Land publizéiert ginn.

Deel dëse Post: