ADR verlaangt en Antisemitismus-Beoptraagten

D’EU-Parlament hat recommandéiert, datt déi eenzel Staate sech sollen en Antisemitismus-Beoptraagte ginn. Lëtzebuerg huet dat nach net gemaach. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser wëllt dës Iddi awer ënnerstëtzen an huet dofir eng Motioun an deem Sënn an der Chamber deponéiert. D’Regierungsparteien an déi Lénk hunn dës Motioun awer mat “Nee” gestëmmt. Domat gouf d’Motioun verworf a Lëtzebuerg kritt keen Antisemitismus-Beoptraagten.

 

Deel dëse Post: