Kee “Moien” méi um Findel

Jorelaang war e feste Bestanddeel vum Erscheinungsbild vum Findel. Den orangen Embleem “Moien” e Wuert dat eis Sprooch an eis Identitéit op dëser Plaz vun der internationaler Entrée an eis Land, respektiv der Dier vun eisem Land zum Rescht vun der Welt, fir Lëtzebuerger wéi Net-Lëtzebuerger esou flott representéiert huet, wéi keen Anert. Amplaz gouf et elo duerch e plakegen an allgemengen Embleem “Luxembourg” ersat. Firwat huet d’Regierung hei esou Fangerspëtzegefill gewisen? Eng parlamentaresch Fro vum Fred Keup:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Kulturminister an d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

Virun e puer Deeg koum et zu engem Changement an der Entrée vum Findel. Bis ewell goufen d’Passagéier mat engem groussen Embleem mam Text “Moien” begréisst. Dës flott Begréissung gouf awer elo duerch en neien Embleem mam franséischen Numm vun eisem Land “Luxembourg” ersat.

An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:

  • Wéi ass déi Decisioun begrënnt de “Moien” an der Entrée vum Findel ewechzehuelen an duerch “Luxembourg” ze ersetzen. Handelt et sech ëm eng temporär oder eng dauerhaft Moossnam?
  • A menger parlamentaresch Fro Nummer 586 hat ech d’Regierung ausserdeem gefrot, ob um Findel eng Beschëlderung op Lëtzebuergesch virgesi wier. D’Regierung huet deemools mat Nee geäntwert. Ass dat nach ëmmer sou? Falls jo, firwat?
  • Gesäit d’Regierung dann net, genausou wéi och am Fall vum aktuellen Embleem, e Widdersproch zu hirem Verspriechen am Koalitiounsaccord, d’Lëtzebuerger Sprooch ze fërderen?

 

Deel dëse Post: