Katastrophal Kulturpolitik, inexistenten Denkmalschutz

Ier de Fernand Kartheiser fir d’ADR geschwat huet, war et eng éischter gemittlech Debatt: Mä de Fernand huet den 1. Juli an der Chamber Damp gemaach an der Regierung e puer Punkten op e puer Ie gesat. Vum “komesche Stil” vun der LSAP, déi just virun der Debatt eng Pressekonferenz zum Thema hat, iwwer all déi Politiker, déi e gëllene Bagger kruten oder haut verdéngt hätten … näischt gouf ausgelooss. An den ADR-Deputéierte vermësst beim Denkmalschutz zënter Joeren Initiative, Wëllen, Elan a Visiounen. Mä Taliban gëtt et bei eisem Patrimoine der genuch.

De Fernand Kartheiser huet och nach eng Kéier d’Fro opgeworf, wat mat de Kierchen hei am Land soll geschéien an op se wierklech sollen all als Bistro genotzt ginn? Hien huet erënnert u vill schéi Gebaier, déi et haut net méi gëtt … och wann dat der Deputéierten a Stader Buergermeeschtesch guer net an de Krom gepasst huet. Hie freet, wat da mam Perimeter vu klasséierte Gebaier a mam Matsproocherecht vum Bierger ass … Basisdemokratie als Credo, déi awer ni realiséiert gëtt. Denkmalschutz ass a sengen Aen awer net nëmme kulturell wichteg, esou eng Politik géing och dem Handwierk vill Méiglechkeete bidden.

 

Deel dëse Post: