Kapituléiert d’Lëtzebuerger Schoul?

E Gesetz iwwer de Lycée technique Michel Lucius, dee jo eng Rëtsch Problemer huet, déi esou lues un den Dag kommen, ass duerch d’Chamber gaangen, awer de Fernand Kartheiser huet kee gutt Hoer um Text gelooss. Et soll nees eng international Schoul ginn a grad dat mécht dem Fernand Kartheiser Suergen.
Hie geheit d’Fro op, ob déi Multiplikatioun vun internationale Schoulen net e Schrack fort ass vun der Lëtzebuerger Integratiounspolitik an ob d’Schoul virun der Diversitéit vun eiser Gesellschaft géing kapituléieren. Esou eng Schoulpolitik mat ville verschiddesproochege Filiären wär e Wee a Parallelgesellschaften, huet de Fernand Kartheiser gemengt a nach eng Kéier fir d’Lëtzebuerger Sprooch als wichtegen Integratiounsfaktor plädéiert.
Englesch Klassen kéinte fir eenzel Schüler néideg sinn, deenen hir Elteren net fir ëmmer hei am Land wären, awer se dierfte net zur Regel ginn. An et kéint och net sinn, datt déi international Klassen ëmmer méi géingen Lëtzebuerger Kanner erlaben, d’Lëtzebuerger ëffentlech Schoul ze évitéieren.
Haut scho wäre vill Elteren bereet, hir Kanner op international Schoulen hei am Land ze schécken, well si dem Lëtzebuerger Schoulsystem net méi trauen.

Deel dëse Post: