Kannerrechtskonventioun ëmsetzen an da weider Schrëtt maachen

Familie_575x434px

Ganz logesch huet de Fernand Kartheiser den 30. Juni an der Chamber erkläert, firwat d’ADR sech bei engem Vote iwwer en Zousazprotokoll zur Kannerrechtskonventioun enthalen huet. Esou laang d’Conventioun zu Lëtzebuerg net voll ëmgesat ass a viru Geriicht och applizéiert gëtt wär et net un der Zäit fir iwwer zousätzlech Protokoller ze diskutéiere sot de Fernand Kartheiser. Hien huet eng laang Rëtsch vu Problemer bei enger Scheedung ugefouert, wou d’Conventioun hei zu Lëtzebuerg nach ëmmer net ëmgesat ass. Déi zwee Elterendeeler missten am Fall vun enger Scheedung déi nämmlecht Rechter hunn. An d’Kanner missten d’Recht hunn am gläiche Mooss Kontakt mat hiren zwee Elteren ze hunn. Dat wier zu Lëtzebuerg net garantéiert, trotz der Kannerrechtskonventioun, an dofir géing d’ADR sech beim Vote enthalen.

Deel dëse Post: