Kannergeld fir jugendlech Kanner

Säit dem 1. August 2016 riicht sech de Kannergeld-Betrag zu Lëtzebuerg net méi no der Unzuel vu Kanner. Am Ablack läit en (indexéiert) bei 278,45 Euro. Den altersofhängegen Zouschlag fir Kanner iwwer 12 Joer ass 52,53 Euro. Domat stinn enger Koppel oder enger elengerzéiender Persoun insgesamt 330,98 Euro fir hiert jugendlecht Kand zur Verfügung. Berechnunge ginn awer dovun aus, datt ee Kand am Alter vun 12 bis 18 Joer ee mounatleche Mindestbedarf vu 700 Euro huet. D’Koppel bzw. déi elengerzéiend Persoun muss also pro Mount ronn 370 Euro aus eegener Täsch opbréngen, fir d’Besoine vun hirem Kand ze decken.  Ass d’Regierung net der Meenung, dass d’Kannergeld de reelle Besoinen ugepasst misst ginn?

Deel dëse Post: