Kaméidi duerch Alarmanlagen

D’Awunner rondrëm d’Gebai vun der BIL an der Escher Strooss (Stad) hu gläich zwee Mol net schlecht gestaunt, wéi matten an der Nuecht d’Alarmanlage goungen. Besuergt ëm d’Sécherheet vum Institut hunn si d’Police benoriichtegt, déi awer du matgedeelt huet, datt et sech just ëm en Test géif handelen, dee kéint bis 06:00 Auer Moies daueren. Sinn d’Banken zu esou Tester verflicht a wa jo, wéi ass de Lärmschutz vun den Awunner an deem Fall gereegelt?

Deel dëse Post: