Justiz: Reform vun de verpasste Chancen!

An der Chamber war gëschter den éischte Vote iwwert d’Kapitel Justiz am Kader vun der Verfassungsreform. D’ADR huet als eenzeg Partei géint den Text gestëmmt. Och wa positiv Usätz am Justiz-Kapitel vun der neier Constitutioun sinn, esou ass et, dem Fernand Kartheiser no, virun allem eng Reform vun de verpasste Chancen. Et kënnt nach ëmmer net zu enger däitlecher Trennung tëscht Magistratur a Parquet, weider ass et och esou datt d’Verfassungsgeriicht net vun de Bierger mat enger Affär ka befaasst ginn, eppes wat awer a villen anere Länner an Europa ouni weideres méiglech ass.   

Deel dëse Post: