Justiz: laang Prozedur. Wat sinn d’Léisungen?

Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Dan Hardy.

Här President,

esou wéi d’Chamberreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro  un d’Madamm Justizminister weiderzeleeden.

Et ass bekannt datt déi sougenannt “Lenteur Judiciaire” leider och hei zu Lëtzebuerg eng Realitéit ass.

 

Besonnesch bei Scheedungsaffären, wou et zum Beispill ëm d’Suergerecht vun de Kanner geet, ass et wichteg, datt d’Delaien net ze laang sinn.

 

D’Chamber huet de Problem erkannt an d’Gesetz vum 24. Juli 2024 gestëmmt, dat « un programme pluriannuel de recrutement dans la magistrature de l’ordre judiciaire pour les années judiciaires 2024/2025, 2025/2026 et 2026/2027” virgesäit an den 1.8.2024 am Mémorial publizéiert gouf.

 

An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:

 

  • Kann d’Regierung am Hibléck op dat neit Gesetz preziséieren, wéi laang et dauere wäert, bis duerch eng Opstockung vum Personal an der Magistratur d’Delaie méi kuerz ginn?
  • Firwat dauere juristesch Prozeduren an Expertisen esou laang? Ginn et aner Ursaachen dofir wéi de Personalmanktem bei der Justiz?
  • Wéi eng weider Schrëtt plangt d’Regierung, fir der “lenteur judiciaire” kuerz- bis mëttelfristeg entgéintzewierken?

Mat déiwem Respekt,

Deel dëse Post: