Just de Minimum beim Mindestloun

D’Chamber huet de 7. Dezember d’Erhéigung vum Mindestloun gestëmmt. De Gast Gibéryen war rosen, datt d’Regierung sech fir déi Decisioun wollt bretzen a feiere loossen. Hien huet déi Erhéigung a Relatioun gesat mat dem Gehälter-Accord bei de Staatsbeamten. De Rouden an de Gréngen huet hie virgerechent, datt déi Erhéigung ni géing duergoen fir dat ze ersetzen, wat d’Leit mam Mindestloun un TVA musse méi bezuelen. D’Regierung soll sech schumme fir dat, wat si fir déi kleng Leit mécht, seet de Gast Gibéryen.

Deel dëse Post: