Juristesch Suivi fir Schmuggler ?

Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Fernand Kartheiser an Tom Weidig.

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizminister weiderzeleeden.

D’Migratiounskris ass en Thema, dat zanter Jore kontrovers an der Ëffentlechkeet diskutéiert gëtt. Vergiess ginn dobäi dacks déi vill Affer, déi duerch d’Aktivitéit vu Mënschenhändler a -schmuggler ëm d’Liewe kommen. Ëmmer erëm héiert ee vu Mënscheschmuggler, déi dobäi erwëscht ginn, wéi se verzweiwelt Mënschen, déi oft vill Geld u si bezuelt hunn, iwwer d’Grenz bréngen.

 

D’BBC, déi sech mat dësem Thema beschäftegt hat, huet zu Lëtzebuerg e Mënscheschmuggler ausfindeg gemaach, dee verantwortlech ass fir den Doud vu verschiddene Mënschen, déi hien iwwer d’Grenz brénge wollt. Am Reportage ginn dozou och Beweiser opgefouert (BBC tracks down man behind Channel crossing which killed Sara, 7) .

 

Dowéinst wollte mir der Regierung dës Froe stellen:

  1. Wéi eng Konsequenzen zitt d’Regierung aus dem BBC-Reportage?
  2. Waren d’Justizautoritéiten an d’Police iwwer dës Fäll informéiert?
  3. Wéi e Statut huet de mentionéierte Mënscheschmuggler hei am Land? Huet hien eng Asyldemande hei am Land gemaach? Wa jo, huet hien dobäi eng aner Identitéit benotzt ewéi déi, déi am BBC-Reportage ugi gëtt?
Deel dëse Post: