Journée parlementaire: D’ADR schwätzt eng kloer Sprooch

Samschdeg, den 8. Oktober: D’Journée parlementaire vun der ADR war fir eis Partei eng gutt Geleeenheet, op d’Chambersaarbecht an de nächste Méint ze kucken. Eis Deputéierte sinn all Joers frou, fir mat Membere vun der Partei un aktuelle Sujeten ze schaffen a garantéieren esou eng gutt demokratesch Matbestëmmung an der Partei. Eng 50 Mëmbere waren e Samschdeg um parlamentareschen Dag präsent.

E Méindeg, den 10. Oktober sinn eis Deputéierte, Gast Gibéryen, Fernand Kartheiser a Roy Reding, zesumme mam Parteipresident Jean Schoos an dem Generalsekretär Alex Penning, du virun d’Press getrueden, fir e kuerze Resumee vun dëser parteiinterner Aarbecht ze ginn. Schwéierpunkter vun der Pressekonferenz waren

Resumee

D’ADR ass géint den TTIP. Si ass géint d’Prozeduren an der EU fir esou Verträg ze verhandelen a fuerdert méi Matsproocherecht fir d’EU-Länner. Den Inhalt vum CETA-Accorrd wëll eis Partei nach eng Kéier genee préifen, ier si en Accord gëtt. D’ADR stëmmt géint d’Steierreform – och wann eenzel gudd sozial Usäz drasinn, well Steierkaddoen an enger Zäit, wou de Staat trotz gudder Konjunktur eng Milliard Schold am Joer mécht, einfach iwwerflësseg sinn. D’ADR ass sécher, datt d’Verfassungsreform nët virun de Nationalwalen 2018 kënnt a fuerdert duerfir, direkt den Artikel iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch per Gesetz ze änneren an och d’Gesetzpropositioun iwwer den Déiereschutz vum Roy Reding ze stëmmen. D’ADR hëlt Positioun fir d’Kierchefabricken. De Gast Gibéryen versprécht, datt d’ADR, wa si géing Regierungsverantwortung iwwerdroe kréien, dat aktuellt Gesetz nees reforméiert, sollt et a senger jetzeger Form gestëmmt ginn.

D’Lëtzebuerger Sprooch ass esou eppes vu beléift bei de Regierungsparteien, et kann ee scho bal driwwer laachen. An dat mécht de Gast Gibéryen och op d’Käschte vum Claude Meisch.

Kierchefabricken: ADR wëll an d’Regierung an dëst Gesetz réckgängeg maachen (wann et esou gestëmmt gëtt)

Besonnesch wat d’Kierchefabricken ugaang ass, huet de Gast Gibéryen schaarf Wierder fonnt.

Hien huet kloer gemaach, datt d’ADR op der Säit vun de Kierchefabricke steet. An hien huet kloer gemaach, datt dat Gesetz iwwer d’Kierchefabricken mat enger ADR an der nächster Regierung direkt reforméiert gëtt. Esouwuel fir de Gemengen hir Autonomie erëmzeginn wéi och de Kierchefabricken hirt Verméigen. Hei eng explosiv Uso, déi d’ADR kloer positionéiert!

Dat wéi gesot, en Deel vun de Sujeten, déi op der Journée parlementaire um Ordre du jour stungen.

 

Deel dëse Post: