Jo zur Zuchstreck Houwald – Beetebuerg (VIDEO)

En Donneschdeg, de 16. Oktober 2014 huet de Gast Gibéryen, am Numm vun der ADR, säin Accord ginn zum P.L. 6669, wou fir ronn 300 Milliounen€,  7 Kilometer nei Schinnen tëscht dem Houwald a Beetebuerg solle geluecht ginn, dëst fir d’Kapazitéit op dëser Streck massiv ze verbesseren. Den ADR Deputéierten huet dobäi awer drop opmierksam gemaach, dat dem Staat nach bal d’Halschent vun den Terraine feelen, fir dës Aarbechten duerchzéien: „Et wäert net esou einfach ginn, e Bypass fir den Zuch ze bauen, wéi dëst de Fall bei der Autobunn war“.

Deel dëse Post: