Jo zur Fuerschung, Nee zu Quoten (VIDEO)

En Donneschdeg, de 16. Oktober 2014 huet de Roy Reding fir d’ADR zum PL 6527 geschwat, deen déi ëffentlech Fuerschungszenter (CRP, centre de recherche public) nei regelt. D’ADR ass Prinzipiell mam Projet d’Accord, schliisslech ass d’Matière grise déi eenzeg Ressource op déi Lëtzebuerg nach ziele kann. D’ADR ass awer prinzipiell, an och aus verfassungswidderege Grënn, géint d’Aféierung vu Fraequoten, déi och an dësem Gesetz nees virgesi sinn. D’ADR huet e Separate Vote op dem betreffenden Artikel erreecht, konnt also géint d’Quoten awer fir d’Fuerschung stëmmen.

Deel dëse Post: