Jo zum Index! Jo zur Kafkraaft!

A senger Interventioun vum 15. Juni mécht de Fraktiounschef Fernand Kartheiser d’Positioun vun der ADR däitlech, wann et ëm den Index geet: D’Reformpartei seet Jo zum Index a Jo zur Kafkraaft! Leider stéisst si domat bei der Regierung op daf Oueren, déi scho Joren eng Politik mécht, déi d’Liewe fir d’Bierger onnéideg deier mécht. D’ADR deposéiert dann och eng Motioun fir d’Betriber ze ënnerstëtzen, datt si hire Mataarbechter den Index vollëmfänglech ausbezuele kann. Wie wonnert et, datt bis op d’ADR déi ganz Chamber géint dës Motioun stëmmt. Wann eist Land an enger Situatioun ass, wou méi a méi Leit um Enn vum Mount net méi iwwert d’Ronne kommen an d’Politik sech dann esou ofgehuewe vum Vollek weist, da kann ee leider verstoen, firwat ëmmer méi Leit d’Vertrauen an d’Politik verléieren.

Deel dëse Post: