Jo zum Ännere vum Walgesetz

D’ADR stëmmt den 28. Februar d’Ännerunge vum Walgesetz mat Jo – e gutt Gesetz, wéi de Gast Gibéryen betount, dat de Leit de Choix léisst, per Bréifwal oder an der Walkabinn ofzestëmmen. Allerdéngs bedauert den ADR-Deputéierten, datt de Bréif mam Walziedel net per Recommandé un d’Leit geschéckt gëtt, an dat aus Käschtegrënn. Hei gëtt eng Dier opgemaach, déi eventuell Walmanipulatioune begënschtege kann. Et muss een sech eben heiansdo agestoen, datt eng Demokratie och eppes kaschten däerf, esou de Gast Gibéryen.

 

 

Deel dëse Post: