Här President,
Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Chancëgläichheet an un d’Madame Educatiounsministesch weiderzeleeden.
An engem Zeitungsartikel iwwert de sougenanntenen « Girls’ Day – Boys’ Day » vum 26. 02. 2013 stoung datt d’Kanner schonn an der Primärschoul sollen « Schnupperlehrgänge » kréien, fir den « traditionnelle Beruffsbiller » Äddi ze soen. D’Gemenge Suessem an Diddeleng hätten zu deem Zweck e Memory-Spill an de Primärschoule benotzt.
An deem Zesummenhank wollt ech den Damme Ministeschen dës Froe stellen:
- Ëm wéi e Memory-Spill handelt et sech dobäi? Ass dat e speziellt Spill fir den uewe genanntenen Zweck ? Wa jo, kënnen d’Damme Ministeschen dëst Spill den zoustännege Chamberkommissioune weisen?
- Wéi dacks an op wéi enge Klasse gouf dat Spill benotzt ? Vu weem ass d’Initiativ ausgaangen? Wéi vill Zäit ass fir dat Spill geholl ginn an a wéi engem Fach?
- Goufen d’Eltere virdrun ëm Erlaabnis gefrot?
- Wéi hunn d’Kanner reagéiert?
- Ass geplangt fir sou Experimenter ze widderhuelen oder dat och nach an aneren Uertschaften ze maachen ?
Mat déiwem Respekt,
Fernand Kartheiser
Deputéierten